Marine Le PenGéif keng finanziell Hëllef fir d‘Ukrain méi matdroen, sollt si gewielt ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi franséisch Kandidatin fir d‘Presidentiellë Marine Le Pen huet nach eng Kéier kloer gemaach, datt si keng finanziell Hëllef fir d‘Ukrain méi géif matdroen,
© GEOFFROY VAN DER HASSELT/AFP

Dëst am Fall, datt si gewielt géif ginn. D‘Staatsfinanzen géifen et net zouloossen, d‘Ukrain déi nächst Méint weider finanziell z‘ënnerstëtzen, esou d‘Fraktiounscheffin vum rietspopulistesche Rassemblement national bei enger Entrevue mam ukraineschen Ambassadeur zu Paräis.

Frankräich géif seng Engagementer awer anhalen, déi scho gemaach goufen, esou d‘Le Pen weider.

Back to Top
CIM LOGO