Trump-Kreditter a Geschäfter mat RusslandDeutsche Bank geréit no Recherche vun ZDF a "Spiegel" ënner Drock

RTL mat AFP
An enger gréisserer Recherche, déi en Dënschdeg verëffentlecht gouf, gëtt der Deutsche Bank d'Weiderféiere vu Geschäfter trotz Warnunge viru Geldwäsch, Korruptioun oder Sanktiounsverstéiss reprochéiert. Virun allem räich Cliente sinn dobäi wuel méi dacks besser ewech komm.

Russesch Oligarchen, Donald Trump, Stroftäter a Krimineller als Clienten. Eng Auswäertung vu Milliounen un internen Dokumenter vun der Deutsche Bank geheit e schlecht Liicht op déi kapitalstäerkst däitsch Bank. Iwwer Joren hätt se Geschäfter entgéint de Warnunge vun internen Experte viru Geldwäsch, Korruptioun oder Sanktiounsverstéiss weidergemaach. Dat steet an engem Bericht vum "Spiegel" an ZDF, deen en Dënschdeg verëffentlecht gouf. Virun allem aflossräich Clienten a Cliente mat engem grousse Verméige hunn deemno dacks vun Extrakonditioune profitéiert. D'Bekämpfe vu Finanzkriminalitéit wier finanziellen Interessien ënnergeuerdent ginn. Den Aktiekurs vun der Bank ass no der Verëffentlechung vum Bericht och agebrach.

Zesumme mat méi wéi 50 weideren internationale Medien huet de Spiegel an ZDF no eegenen Aussoen iwwer Méint e risegt Datenleck bei der Deutsche Bank ausgewäert. Zwee Whistleblower haten deemno Journalisten a Südafrika an Indien 15 Milliounen intern Dokumenter weiderginn, dorënner méi wéi néng Milliounen E-Mailen an donieft och Berichter, Presentatiounen a Kalenneranträg.

Geschäftsrelatioune mat Russland - trotz dem Ukrainkrich

Net kloer ass de Recherchen no d'Russland-Strategie vun der Bank: Nach Enn 2020 war deemno eng däitlech Expansioun vum Geschäft mat räiche russesche Cliente geplangt, dat trotz internen an externe Warnungen. Dräi Joer virdrun hat d'Bank nach eng Strof vun e puer honnert Milliounen Euro bezuelt, well si suspekt Geldflëss aus Russland net nogaange war. De Chef vum däitsche Konzern Christian Sewing, dee vu sech seet, d'Deutsche Bank, déi jorelaang vu Skandaler gepräägt war, zanter 2018 reforméiert ze hunn, gehéiert de verëffentlechten Dokumenter no zum Aarbechtsgrupp, deen d'Russland-Strategie ausgeschafft huet.

Nom russeschen Iwwerfall op d'Ukrain am Februar 2022 huet d'Bank dann hire Réckzuch aus Russland annoncéiert. De Recherchen no ass dat bis haut awer net komplett ofgeschloss. D'Deutsche Bank huet am leschte Joer nach 162 Mënschen a Russland beschäftegt an huet do e Gewënn, viru Steieren, vun 61 Milliounen Euro verbucht.

Dem "Spiegel" no weisen dës Dokumenter e Muster am Ëmgang vun der Bank mat ëmstriddene Clienten, dat ëmmer nees zréckkënnt: Warnungen a Bedenke goufen iwwergaangen, fir problematesch Geschäfter virunzeféieren oder nei Relatioune mat Clienten anzegoen. Sou hätt d'Bank dacks ëmstridde Steiermodeller fir räich Clienten ausgesat a presuméiert kriminellen Netzwierker erméiglecht, Suen iwwer hir Kanäl ze schleisen.

Donald Trump och an den Dokumenter

Och nei Detailer iwwer déi jorelaang Geschäftsbezéiung zum Sexualstroftäter Jeffrey Epstein souwéi Geschäfter vun der Bank mam aktuellen US-President Donald Trump sinn an den Donnéeën ze fannen. Deemno hätt een nom Trump senger éischter Wal als US-President 2016 verstäerkt viru méigleche Reputatiounsrisike gefaart. Den Trump war der Deutsche Bank deemools 331 Milliounen US-Dollar schëlleg.

Den Numm Donald Trump ass dann och am Zesummenhang mat enger Datepann ze fannen: 2017 huet e Mataarbechter vun der Bank net gewollt engem externe Steierberoder e Link geschéckt, iwwer deen dësen dann Zougrëff op vertraulech Steierdaten zu 1.586 Konte krut huet, dorënner dräi, déi mam Donald Trump a Relatioun stoungen. "D'Bank huet intern diskutéiert, ob betraffe Clienten informéiert gi mussen, huet sech awer dogéint decidéiert", heescht et vum "Spiegel".

Donieft gëtt d'Recherche Ablécker a Rüstungsgeschäfter mat problematesche Staaten, den Engagement vun der Deutsche Bank fir Cliente mat klimaschiedleche Branchen an d'Weiderféiere vu Spendekonte vun der AfD trotz interne Widderstänn, wéi ZDF a "Spiegel" weider berichten.

Deutsche Bank wier haut "eng aner Bank"

D'Bank bestreit net, datt et sech ëm echt Dokumenter handelt. "D'Faiten, déi am Mëttelpunkt vun de Medieberichter stinn, leie vill Joren zréck, an e puer Fäll souguer zwee Joerzéngten", huet d'Bank erkläert. Si hätt an deene leschte Joer ënnert dem Sewing "ee grondsätzleche Wandel duerchlaaft an dobäi tëscht 2019 an 2025 siwe Milliarden Euro an hir Kontrollsystemer investéiert". D'Deutsche Bank wier haut "eng aner Bank".

Wéinst enger ganzer Rei vu Geldwäsch- a Bedruchsskandaler huet d'Deutsche Bank e puer Mol scho Strofen a Milliounenhéicht krut. "Wann déi eenzeg Strof, déi de Banken drot, vu finanzieller Natur ass, ginn d'Geldstrofen einfach zu engem Deel vun de Geschäftskäschten", huet den Alex Cobham, CEO vun der Organisatioun Tax Justice Network, erkläert. "Ouni dës Aussiicht op schwéier Konsequenzen op perséinlechem Niveau, dorënner och strofrechtleche Sanktioune fir Cheffen, wäerte Banke weiderhin als professionell Vermëttler vun illegale Finanzstréim op der ganzer Welt agéieren."

Back to Top
CIM LOGO