WienFënnef EU-Länner wëllen Migranten a Ruanda zeréckschécken

RTL Lëtzebuerg
Däitschland, Éisträich, Holland, Dänemark a Griicheland wëllen zesummen en Zentrum fir Migranten a Ruanda ariichten.
© RADEK MICA/AFP

D'Pläng kéinten awer juristesch Problemer mat sech bréngen a sti wéinst méigleche Mënscherechtsverletzungen an der Kritik.

Déi fënnef EU-Staaten hunn e Méindeg annoncéiert, konkret Verhandlunge mam Ruanda iwwer d'Ëmsetzung vum Projet opzehuelen. Et ass déi éischt Kéier, datt Memberstaate vun der EU dat neit Gesetz iwwer de Retour vun Migranten wëllen ëmsetzen.

Betraff wieren Erwuessener, deenen hir Demande op Asyl ofgeleent gouf oder déi aus anere Grënn kee Recht hunn, an der EU ze bleiwen. Leit, déi nach géint hir Ausweisung kënne Recours aleeën, wieren net betraff.

Déi Verantwortlech wëllen Ufank d'nächst Joer eng éischt Grupp vu ronn 100 Persounen a Ruanda schécken. Si sollen do e puer Méint an engem oppenen Opfangzentrum bleiwen. Duerno kéinte si sech entweder a Ruanda néierloossen oder an hiert Hierkonftsland zeréckgoen.

D'Regierungen erhoffe sech dovun, déi illegal Migratioun ze bremsen an d'Schleiserkriminalitéit ze bekämpfen. Den däneschen Immigratiounsminister Morten Bødskov huet de Projet als "grousse Duerchbroch" bezeechent.

Kritik wéinst Mënscherechter

Mënscherechtsorganisatioune kritiséieren d'Zesummenaarbecht mam Ruanda. Der Regierung am Land ginn ënner anerem Mënscherechtsverletzungen, Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet an Zwangsaarbecht virgeworf.

Déi franséisch gréng Europadeputéiert Mélissa Camara huet den Accord als "Ofkommes vun der Schan" an als "schwéiert moralescht Versoe" bezeechent. Si huet kritiséiert, datt Mënschen Dausende Kilometer vun Europa ewechbruecht géife ginn, ouni datt hir Rechter genuch garantéiert wieren.

Och de Generalsekretär vum Europarot, Alain Berset, huet ënnerstrach, datt all esou Projet mat der Europäescher Mënscherechtskonventioun iwwereneestëmme misst.

D'Organisatioun Picum, déi sech fir d'Rechter vun ondokumentéierte Migrante staark mécht, rechent domat, datt de Projet scheitere wäert. Et wier net akzeptabel, Mënschen aus hirem Liewen an Europa erauszerappen an an e Land ze schécken, an deem si weder Famill nach sozial Kontakter oder Perspektiven hätten.

Back to Top
CIM LOGO