
Um Fluchhafe vu Miami sinn e Samschdeg den Owend zwee Fligeren um Buedem matenee kollidéiert. De Flillek vun enger Boeing 737 vu Copa Airlines huet d'Nues vun enger Boeing 767-Frachtmaschinn vun UPS getraff.
D'Copa-Maschinn, de Fluch 427, war mat 166 Passagéier a sechs Crew-Membere vu Panama City komm a war nom Landen ënnerwee bei säi Gate. D'UPS-Maschinn, Fluch 358, sollt dogéint vu Miami op Bogotá a Kolumbien fléien.
Éischten Informatioune vun der US-Fluchsécherungsautoritéit FAA no haten d'Fluchlotsen d'UPS-Crew opgefuerdert, der Copa-Maschinn de Wee fräizeloossen. D'Frachtmaschinn ass awer ze wäit no vir gerullt. Doropshin huet d'Spëtzt vum Flillek vun der Boeing 737 d'Nues vun der UPS-Maschinn getraff.
Zwee Passagéier goufe liicht blesséiert. D'US-Fluchsécherungsautoritéit FAA huet eng Enquête lancéiert.
Den Tëschefall koum just een Dag nom grousse landeswäiten Ausfall vun der US-Fluchsécherung, duerch deen de Fluchverkéier fir méi wéi véier Stonne massiv ageschränkt gi war. Bis ewell gëtt et awer keng Indikatioun, datt déi zwee Tëschefäll matenee verbonne sinn.