
Wéinst Verstéiss géint den Dateschutz ass Meta an Italien zu enger Strof vun 805 Milliounen Euro verurteelt ginn. D'Mammenhaus vu Facebook hätt op Fotoe vu Useren zougegraff, ouni dofir eng ausdrécklech Erlabnis ze hunn. Konkret géing et ëm d'Funktioun "Virschléi zum Deele vu Contenuen aus denge Biller" goen.
Iwwer d'Facebook-App fir Android-Apparater hätt Meta iwwer dës Funktioun op Fotoen, Videoen an déi entspriechend Metadate vun italieenesche Useren zougegraff, "ouni déi ausdrécklech Zoustëmmung gefrot an déi Betraffen de Reegelen no informéiert ze hunn", sou d'Autoritéit fir Dateschutz an Italien. Meta misst an Zukunft mat Hëllef vun enger separater an ausdrécklecher Ufro fir dës Funktioun d'Erlabnis froen an dem Konsument kloer erklären, wat den Notzen dovun ass. Ausserdeem misst kloer kommunizéiert ginn, wéi een déi Funktioun desaktivéiere kéint.
Déi 805 Milliounen Euro sinn eng vun den héchsten italieenesche Strofen am Beräich vum Dateschutz. Amazon war 2021 zu 1,1 Milliarden Euro Strof verurteelt ginn. No Asproch war d'Sanktioun spéider op 752 Milliounen Euro reduzéiert ginn.
Ob Facebook géint d'Urteel an Appell wäert goen, ass nach onkloer.