
An den USA soll de Betrib op de Fluchhäfen um Sonndeg erëm normal lafen, dat nodeems e Freideg wärend 4 Stonnen am ganze Land keng Fliger méi hunn dierfe starten. Déi zoustänneg Autoritéiten hunn an Tëscht preziséiert wou de Probleem louch. Dëse wier ënnert anerem op d‘Ëmstellen zeréckzeféieren vun enger vereelzter Fluchsécherungstechnik aus de 70er an 80er Joren op méi modern Systemer.
Bei Maintenance-Aarbechten, fir en ale Kofferkabel duerch e Glasfaserkabel z‘ersetzen, wiere Probleemer opgedaucht bei der Kommunikatioun mat Fligeren a Radaren. Bei dësen Aarbechten ass et zu engem Problem mat engem Router komm. Deen huet aner Router am Netz mat iwwer 1.000 Verbindungsufroe ronn all fënnef Sekonne geflut. Doduerch gouf ënner anerem d'Kommunikatioun mat de Fligeren an d'Iwwerdroe vu Radardonnéeë gestéiert. Well d'FAA net ausschléisse konnt, datt Kontrollzentren d'Verbindung mat Fligeren am Vol kéinte verléieren, gouf aus Sécherheetsgrënn e landeswäite Startstopp decidéiert. D'Autoritéiten ënnersichen nach, ob e Feeler beim Installéiere gemaach gouf oder ob de Router selwer defekt war. Et gëtt den Ament keng Indikatioun op eng Cyberattack oder eng aner bewosst Manipulatioun.
Fligeren, déi schonn an der Loft waren, konnten hir Destinatioun weider ufléien a sécher landen. Méi wéi 10.000 Flich goufen duerch d'Pann gestéiert, Honnerte goufen annuléiert an Honnertdausende Passagéier ware betraff. Och nom Ophiewe vum Fluchverbuet koum et nach zu Retarden an Annulatiounen.
E Samschdeg waren d'Nowierkunge vun der massiver technescher Pann bei der Fluchsécherung nach däitlech ze spieren. Méi wéi 5.000 Flich goufen annuléiert, ronn 5.300 weider Flich hate Verspéidung. D'Fluchsécherung selwer huet zwar nees normal fonctionéiert, d'Fluchgesellschaften haten awer nach de ganzen Dag domat ze kämpfen, hir Fligeren an Equipagen nees op déi richteg Plazen ze kréien.
Den US-Verkéiersminister Sean Duffy fuerdert iwwerdeems 50 Milliarden Dollar fir d'Moderniséierung vun der vereelzter Fluchsécherung. Virun der Pann hat d'US-Regierung nach ronn 30 Milliarden Dollar gefuerdert. Nom landeswäiten Ausfall huet den Duffy dës Fuerderung op 50 Milliarden Dollar erhéicht. Hie schwätzt vun engem „Noutfall“ a warnt, datt et ouni eng grëndlech Moderniséierung och an Zukunft zu änleche Panne kéint kommen.