Weidere Mord am Drogemilieu19 Joer jonke Mann gouf zu Toulouse op engem Parking erschoss

AFP, iwwersat vun RTL
De Mann souz an engem Auto um Parking vun enger Bowling-Hal, wéi zwou Persounen op den Auto geschoss hunn.
© KLAUDIA RADECKA/NurPhoto via AFP

Zu Toulouse ass an der Nuecht op e Sonndeg en 19 Joer ale Mann erschoss ginn, dee wéinst Drogenhandel bei der Police bekannt war. D'Justiz geet vun engem Mord am Zesummenhang mam Drogemilieu aus.

De Mann souz an engem Auto um Parking vun enger Bowling-Hal, wéi zwou Persounen, déi zu Fouss ënnerwee waren, op den Auto geschoss hunn. D'Täter sinn duerno mat engem anere Gefier geflücht. Dat 19 Joer jonkt Affer gouf um Réck getraff a vun den anere Passagéier an d'Spidol bruecht, wou hien u senge Blessure gestuerwen ass.

Zanter Ufank vum Joer ass et zu Toulouse schonn de fënneften déidlechen Tëschefall am Zesummenhang mam Drogenhandel.

Back to Top
CIM LOGO