Déi puer Dose Plainten, déi agereecht goufen, goufen zeréckgewisen.

Den zoustännege finnesche Justizkanzler gesäit kee falscht oder illegaalt Verhalen an d'Politikerin hätt och hir offiziell Tâchen net vernoléissegt a se hätt deenen och net geschuet.

E private Video, op deem déi 36 Joer al Regierungscheffen danzt a feiert, war ronderëm d'Welt gaangen. An der Suite gouf et grouss Diskussiounen, wéi Politiker sech am Privatliewen ze behuelen hunn. D'Meenunge goungen an där Saach total auseneen.