Zwee Doudeger a Polen - méiglecherweis russesch Rakéiten

© Foto via Twitter
De polnesche Premier Mateusz Morawiecki hat nom Virfall en Dënschdeg den Owend den nationale Sécherheetsrot aberuff.
Bei zwou Explosiounen duerch presuméiert russesch Rakéiten am polnesche Grenzduerf Przewodów bei der Ukrain sinn enger lokaler Radioschaîne no zwee Mënschen ëm d'Liewe komm.
De polnesche Regierungsspriecher Piotr Muller huet um Dënschdeg den Owend géint 22.20 Auer confirméiert, datt et eng Explosioun ginn hätt, bei där zwee polnesch Bierger ëm d'Liewe koumen. Weider Detailer wollt hien awer net nennen.
Polen géif Deeler vu sengen Truppen elo an erhéicht Bereetschaft versetzen an déi polnesch Regierung géif préiwen, ob se den Artikel 4 vun der NATO-Charte misst aktivéieren. Dëse beseet, datt d'NATO-Länner matenee consultéieren, wann d'Sécherheet vun engem Memberland menacéiert ass. Och den NATO-Generalsekretär hat an engem Tweet schonn iwwert Berodungen tëscht den Alliéierten geschriwwen.
E Mëttwoch soll et ausserdeem e Koordinatiounsmeeting mat den EU-Länner ginn, déi den Ament fir de G20-Sommet zu Bali sinn. Dat huet den EU-Rotspresident Charles Michel mam polnesche Premier op Twitter annoncéiert.
Wéi d'Noriichtenagence AP schreift, hätt een US-Geheimdéngschtmataarbechter confirméiert, datt russesch Rakéite fir d'Zerstéierung verantwortlech sinn. Vun offizieller Säit ass dat bis ewell awer nach net confirméiert. Och ob de Virfall gewollt, oder en Accident war, ass den Ament nach net kloer. Et ginn och Berichter, datt déi méiglech russesch Rakéite vun der Ukrain ofgeschoss kéinte gi sinn an esou op polneschem Territoire gelant sinn.
Aus dem US-Verdeedegungsministère heescht et, et géifen den Ament nach keng Informatioune virleien, déi polnesch Medieberichter confirméiere géifen. Dëst géif gepréift ginn. "Wa mir een Update hunn, da wäerte mir dëst matdeelen", esou e Spriecher.
De polnesche Ministerpresident Mateusz Morawiecki huet den nationale Sécherheetsrot um Owend fir eng Krisesëtzung aberuff. Grënn dofir goufen ufanks net genannt. Der polnescher Noriichtenagence PAP no ass d'Regierung géint 21 Auer MEZ zesummekomm. Och Ungarn soll antëscht säi Sécherheetsrot aberuff hunn.
De polnesche Regierungsspriecher Piotr Muller huet den Appell gemaach, keng ongepréift Informatiounen ze verbreeden.
Op Telegram huet de russesche Verdeedegungsministère Berichter iwwert ee méigleche Rakéitenugrëff dementéiert. An der Géigend vun der ukrainesch-polnescher Grenz hätt et keng Ugrëff mat russesche Waffe ginn. D'Berichter wieren eng "express Provokatioun, déi dorop aus ass, d'Situatioun ze eskaléieren". D'Wrackdeeler, déi fonnt gi sinn, hätten "näischt mat russesche Waffen ze dinn".
Den ukrainesche President Selenskyj huet Polen no dem Tëschefall vum Dënschdeg den Owend seng Ënnerstëtzung zougesot. Hie mécht russesch Rakéite fir de Virfall verantwortlech. An engem Videomessage sot hien, seng Regierung hätt scho laang gewarnt, datt sech déi russesch Aktiounen net op d'Ukrain beschränke géifen.
Op Twitter huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg géint 22.20 Auer wësse gelooss, datt hien e Gespréich mam polnesche President Duda iwwer d'Explosioun a Polen hat. Hein hätt säi Bäileed ausgedréckt. D'NATO géif d'Situatioun genee suivéieren an déi Alliéiert géife sech genee beroden. Et wier wichteg, datt all d'Fakten etabléiert ginn.
D'Ukrain huet en Dënschdeg schwéiere Beschoss vu russescher Säit gemellt - eng 100 Rakéite sollen iwwert dem Land erofkomm sinn. Betraff war och d'Stad Lwiw am Weste vun der Ukrain, déi just eng 70 Kilometer vum polnesche Grenzduerf Przewodów ewech läit.
Den ukrainesche President Selenskyj hat en Dënschdeg um G20-Sommet geschwat, deen de russeschen Ausseminister Lawrow virzäiteg verlooss huet.
Polen ass souwuel Member vun der Europäescher Unioun wéi och vun der Militärallianz NATO. Sollt d'Land tatsächlech direkt ugegraff gi sinn, kéint doduerch de sougenannten "Bündnisfall" ausgeléist ginn.

Den Ukrain-Krich an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert. De Belarus, e russeschen Alliéierten, dee Russland d'Dier fir eng Attack am Norde vun der Ukrain opgemaach huet, ass orange. / © RTL-Grafik
Den Artikel 5 vum NATO-Vertrag gesäit vir, datt een Ugrëff op ee Memberland als Ugrëff op all Memberlänner gesi gëtt. Deemno missten d'Memberlänner an deem Moment entspriechend Mesuren ergräifen. Dozou kann och den Asaz vu "Waffegewalt" zielen. Et gëtt wéi gesot den Ament awer nach keng Confirmatioun fir en Ugrëff op polneschem Buedem.