G20-Sommet op Bali am Schiet vum Ukrain-Krich

© AFP
En Dënschdeg an e Mëttwoch kommen d'Staats- a Regierungscheffe vun de G20 op Bali an Indonesien fir hire Sommet zesummen.
Theme sinn déi weltwäit Liewensmëttelversuergung, eng nohalteg Energieproduktioun, eng global Gesondheetsarchitektur an déi digital Transformatioun. Ma iwwer allem hänkt awer de Schiet vum Ukrain-Krich an och d'Spannungen tëscht den USA a China maache Suergen.
De russesche President Wladimir Putin ass net op Bali geflunn, offiziell heescht et vum Kreml, well hien aner Rendez-vousen hätt. Ma de Putin hat wuel éischter einfach keng Loscht op déi kritesch Wierder vun deenen anere Staats- a Regierungscheffe vun de gréisste Wirtschaftsnatiounen. Déi muss sech a senger Plaz de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow ulauschteren. Den indonesesche President Joko Widodo huet och säin ukraineschen Homologe Selenskyj invitéiert, dee per Video bäigeschalt gëtt. Datt um Sommet eng Léisung am Ukrain-Krich fonnt gëtt, erwaart sech keen.
Mat Spannung gëtt awer gekuckt, wéi sech Länner wéi China, Indien, Brasilien oder Südafrika positionéieren. Virun allem China huet bis elo extrem drop opgepasst, fir de russeschen Iwwerfall net ze condamnéieren. Dat wuel och, well d'Tensiounen tëscht China an der Republik Taiwan, déi China als Deel vu sengem Territoire betruecht, an de leschte Wochen a Méint ëmmer méi grouss gi sinn. China schléisst net aus, am Noutfall och d'Militär anzesetzen.
Virun deem Hannergrond hu sech e Méindeg den US-President Joe Biden an de chinesesche President Xi Jinping op Bali ënner véier A gesinn. Et war dat éischt Treffe vun deenen zwee zanter de Joe Biden President ass. D'USA ënnerstëtzen Taiwan an hu schonn annoncéiert, dem Inselstaat am Krichsfall ze hëllefen. De Biden huet dann och kritiséiert, datt déi chinesesch Rhetorik an der Lescht ëmmer méi aggressiv gi wier. Eens ware sech de Biden an de Xi awer op d'mannst doranner, datt et vu Russland irresponsabel wier, am Ukrain-Krich mam Asaz vun Atomwaffen ze dreeën.