4 Kanner no iwwert engem Mount am Reebësch lieweg fonnt

Eng wochelaang Sich am kolumbianeschen Dschungel no 4 vermësste Kanner huet endlech e glécklecht Enn geholl.
Véier Kanner, déi zanter dem Fligercrash den 1. Mee am Reebësch vermësst gi waren, sinn e Freideg lieweg erëmfonnt ginn.
D'Mamm vun de Kanner, de Pilot an ee weideren Erwuessenen haten d'Ongléck net iwwerlieft. Ma d'Kanner, zwee Meedercher an zwee Jongen, vun 13, 9, 4 an net grad engem Joer hu sech déi lescht 40 Deeg eleng duerch de Reebësch geschloen. Si goufe vun Honnerten Zaldoten an Indigeene gesicht. Si sinn dobäi enger Spuer nogaangen an hunn eng Babyfläsch fonnt, da mol eng Schéier, Schong, Wëndelen, zerknaten Uebst, Foussofdréck a selwer gebaute Hütten. Si hunn ni d'Hoffnung opginn, d'Kanner ze fannen.
Dat 13 Joer aalt Lesly, den néng Joer ale Soleiny, den Tien Noriel (4) an dat klengt Cristin sinn e Samschdeg zu Bogotá gelant an direkt an d'Spidol bruecht ginn. Dat mellt d'franséisch Noriichtenagence.
D'Iwwerliewe vun den indigeene Kanner féiert hir Groussmamm virun allem op déi kämpferesch Natur vum eelste Meedche Lesly zréck, dat sech scho virdru reegelméisseg ëm seng kleng Geseechter gekëmmert huet.

Et wier eng Freed fir d'Land, schreift de kolumbianesche President Gustavo Petro e Freideg Lokalzäit op Twitter. D'Kanner wiere schwaach an elo gutt opgehuewen.
Der Arméi no waren d'Kanner fënnef Kilometer westlech vun der Onglécksplaz fonnt ginn. An deem Gebitt ginn et vill Schlaangen, Jaguaren, Pumaen an aner geféierlech Déieren. Donieft sinn do och arméiert Drogebanden aktiv.
D'Kanner gehéieren zum indigeene Vollek vun den Huitoto oder Witoto. Huitoto-Kanner kenne sech aus am Dschungel. Si léiere scho fréi joen, fëschen an d'Sammele vun iessbare Planzen.