D'Fra vum fréiere President Jimmy Carter wier e Sonndeg an hirer Heemecht Plains am US-Bundesstaat Georgia "friddlech am Krees vun der Famill" gestuerwen.

Dat deelt eng Stëftung, déi vun der Koppel gegrënnt gouf, mat.

"D'Rosalynn war meng gläichberechtegt Partnerin bei allem, wat ech jee erreecht hunn", zitéiert d'Stëftung den 99 Joer alen Jimmy Carter. "Esoulaang d'Rosalynn op der Welt war, wousst ech ëmmer, datt mech iergendee gären huet an ënnerstëtzt."

Am Mee war public ginn, datt d'Rosalynn Carter Demenz hat. D'Stëftung huet schlussendlech e Freideg matgedeelt, datt déi 96 Joer al Carter palliativ doheem betreit géing ginn. Den Jimmy Carter ass och zanter Mëtt Februar doheem a palliativer Betreiung am Krees vu senger Famill.

D'Koppel huet sech 1946 bestuet an huet véier Kanner. Déi fréier First Lady huet sech fir dat Soziaalt staark gemaach an eng Rei Bicher geschriwwen. Si soll wärend der Presidentschaft vun hirem Mann e groussen Afloss op d'Politik am Wäissen Haus gehat hunn. Den Jimmy Carter war vun 1977 bis 1981 President vun den USA an ass deen eelste fréieren US-President, deen nach lieft.

De leschte Wanter hat d'Stëftung vun der Koppel ëffentlech gemaach, datt de fréiere President no enger Rei Openthalter an der Klinik keng weider medezinesch Schrëtt méi wéilt huelen. Am September hat hien dunn awer mat engem ëffentlechen Optrëtt bei enger Parad a senger Heemecht Plains iwwerrascht.