Däitsche Geheimdéngscht gesäit keng Unzeeche fir russesch Sabotage

© PETRAS MALUKAS AFP
Dem Chef vum däitschen Auslandsgeheimdéngscht no wier et logesch gewiescht, dass de Verdacht nom Tëschefall a Richtung Moskau geet.
E Méindeg war e Fliger, deen am Optrag vun der däitscher Transportfirma "DHL" geflunn ass, an e Wunngebitt an der Géigend vun der litauescher Haaptstad Vilnius gefall.Ee Member vun der Crew war beim Accident ëm d'Liewe komm.
Déi däitsch Ausseministesch Baerbock hat doropshi vun enger méiglecher russescher Sabotage geschwat. Ma dem President vum däitsche Bundesnachrichtendienst - dem däitschen Auslandsgeheimdéngscht - Bruno Kahl no, géif et bis ewell keng Hiweiser fir eng russesch Sabotage ginn. Wéi de Kahl an engem Interview mat der ARD, aus deem e Mëttwoch éischt Passage publizéiert goufen, sot, hätt ee bis ewell keng Hiweiser a Richtung vun enger russescher Sabotage fonnt.
Et hätt awer op der Hand geleeën, dass sech nom Tëschefall e Verdacht a Richtung Moskau entwéckelt. Dat wier bei den Informatiounen, déi een am Virfeld gehat hätt, nëmme logesch gewiescht. Däitsch Sécherheetsinstitutiounen hätten deemno schonn am Summer viru Päck, déi sech vum selwen unzünden, u Bord vun DHL-Maschinne gewarnt an d'Méiglechkeet, dass Russland op dës Manéier Flich sabotéiere kéint, als Méiglechkeet a Betruecht gezunn.
Dem Kahl no wier et genee dem Wladimir Putin seng Taktik d'Leit an Däitschland a permanentem Onwëssen ze loossen a se duercherneen ze maachen. Hie wéilt Zweiwel an Angscht fërderen an esou erreechen, dass d'Regierung hir Ënnerstëtzung fir d'Ukrain zeréckfiert.