Transportfliger vun DHL fält iwwer Wunngebai erof - Bis ewell een Doudegen

© Petras Malukas / AFP
De Fliger ass e Méindeg um fréie Moien, net wäit vum Fluchhafe vun der litauescher Haaptstad Vilnius, erofgefall. D'Maschinn war vu Leipzig gestart.
Bis ewell soll dobäi op d'mannst eng Persoun ëm d'Liewe komm an dräi weiderer blesséiert gi sinn. De Pilot vum Fliger soll iwwerlieft hunn, heescht et a Medieberichter, déi sech op d'Rettungsekippe bezéien. Nieft dem Pilot waren nach dräi weider Persounen am Fliger, vun deenen et sech bei enger ëm d'Doudesaffer handelt. De Rescht vun der Besatzung koum an e Spidol.
Wéi et vun DHL heescht, soll et sech bei der Maschinn ëm e Fliger vun der spuenescher Gesellschaft Swift Air handelen. D'Maschinn hätt deemno ee Kilometer virum Fluchhafe vu Vilnius missen noutlanden, wouduerch et zum Ongléck koum. Dat betraffent Wunngebai ass a Brand geroden, d'Residentë konnten awer all evakuéiert ginn.