Zu Cannes ass e Foussgänger op der Strandpromenad La Croisette vun enger Palm, déi ëmgefall war, schwéier blesséiert ginn.

D'Palm war e Samschdeg de Moie vun engem Wandstouss ëmgeheit ginn an de Mann doduerch "schwéier blesséiert", hunn déi franséisch Pompjeeën der Noriichtenagence AFP géigeniwwer matgedeelt. De Mann mat asiatesche Wuerzele war anscheinend wéinst dem Filmfestival zu Cannes.

D'Ongléck war geschitt, wéi sëllege Mataarbechter aus dem Film-Secteur a Visiteure vum Festival iwwer d'Croisette getrëppelt sinn.

"Ech souz do, wéi et en heftege Wandstouss gouf", sot d'Marthy Finck, eng Lëtzebuergerin, déi fir de Festival do ass, der Noriichtenagence AFP. "Ech hunn et Jäizen héieren, hu mech ëmgedréint an d'Palm war entwuerzelt - ech géing soen, si war a schlechtem Zoustand."