Zanter Woche gëtt et an Neiséiland an an Australien eng nei Challenge, déi viral geet. Elo gouf et een déidleche Virfall.

En 19 Joer Jonken ass bei der u Rugby inspiréierter Social-Media-Challenge "Run-it-straight" esou schro verongléckt, dass hie verscheet ass.

Ma wat huet et mat dëser Challenge op sech?

Déi sougenannt "Run-it-straight"-Challenge, wat iwwersat esou vill heescht wéi: riicht drop lass lafen, ass viru Kuerzem an Neiséiland an an Australien ënner anerem op de Plattforme wéi Instagram an TikTok viral gaangen. Richteg Events ginn organiséiert an antëscht géifen dës riseg Mënschemassen unzéien.

Wourëm geet et?

Beim Numm "Run-it-straight" brauch ee wuel net wäit sichen ze goen. D'Reegele sinn immens einfach: Zwee Participante lafen aus enger Distanz an ouni Kierperschutz, wéi zum Beispill en Helm, direkt openeen zou, bis zu eben anenee knuppen an dat mat voller Wucht. Wie beim Zesummestouss dominéiert, gewënnt.

Wéi beim Rugby gëtt et bei den Aktiounen e Leefer an een Tackler, dat heescht e Spiller, deen deejéinege, deen de Ball huet, vun de Féiss hëlt. D'Spillfeld ass 20 mol 4 grouss.

De Jonken hat leschte Weekend op enger Nordinsel an Neiséiland eng privat Challenge mat Kolleege geplangt, wéi d'Zeitung "New Zealand Herald" gemellt huet. Hien ass e Méindeg den Owend un de Suitte vun enger schwéierer Kappverletzung gestuerwen.

De Policespriecher Ross Grantham huet eng Warnung ausgeschwat: "Mir recommandéiere jidderengem, deen un esou engem Spill oder änlechen Evenementer matmaache wëll, d'Risiken am Hibléck op d'Sécherheet an d'Verletzungsgefor sollt bedenken." Den Doud vum jonke Mann géing weisen, wéi geféierlech dës Aktioune sinn.

Och Experte warnen a bezeechnen d'"Run-it-straight"-Challenge antëscht als déi häertsten nei Kampfsportaart vun der Welt. Et gëtt jo dobäi versicht, déi hefteg kierperlech Zesummestéiss z'imitéieren, déi an der Woch an der Rugby-League ze gesi waren. Eng besonnesch Gefor geet vum Risk fir Kappverletzungen aus an et geet bei dësen Challengen och dacks eng extrem grouss Zuel vu Gehirnerschütterunge bei de Participanten notéiert. Elo koum et wéi gesot zum éischten Doudesfall.