Weider Gemengen an der Schwäiz goufe gewarnt an och Haiser evakuéiert
Am Lötschental war jo e Gletscher ofgebrach an huet d'Duerf Blatten quasi dem Äerdbuedem gläich gemaach. Lo soll och nach eng Flutwell kommen.
Weider Gemengen an der Schwäiz preparéiere sech wéinst enger méiglecher Flut op eng Evakuéierung. Nodeems a Lötschental e Gletscher ofgebrach war, huet sech hannert dem Hiwwel aus Dreck, Steng a Gletscheräis esouvill Waasser gesammelt, dass den doduerch gestaute Floss Lonza riskéiert, iwwert d'Ufer ze klammen. D'Waasser géif scho stonnelaang an d'Luucht goen, sou d'lokal Autoritéiten.
An den Uertschafte Kippel a Wiler, ma och op der Fafleralp am Lötschental goufe 16 Persounen a Sécherheet bruecht. Fir si ass et net méi sécher. Och e Stauséi gouf preventiv eidel gemaach, fir, wann et zu enger Flutwell kéim, Plaz fir d'Waasser ass. Donieft ass d'Schwäizer Arméi prett fir an den Asaz.
De Floss Lonza ass wéi gesot op e puer Plaze blockéiert. D'Autoritéiten hoffen, dass d'Waasser sech säi Wee sicht, fir no an no ofzefléissen. Ma si kënnen net ausschléissen, dass déi gestaute Waassermassen den entstanenen Hiwwel aus Dreck a Steng erof an den Dall spullen.
D'Autoritéiten aus de Gemenge Steg-Hohtenn a Gampel-Bratsch hunn och do d'Awunner opgefuerdert, preparéiert ze sinn, falls si hir Wunnenge séier verloosse missten. Am ganze Gebitt wunne méi wéi 2.000 Leit. D'Gemenge leie ronn 20 Kilometer ënnert dem Duerf Blatten, dat verschott gi war. D'Awunner do goufe schonn den 19. Mee evakuéiert. 90 Prozent vun den Haiser goufe verschott oder stinn elo ënner Waasser.
D'Sich no engem 64 Joer ale Mann, deen zanterhier als vermësst gëllt, huet missen ofgebrach ginn. Déi ganz Plaz do wier immens onstabil an dat wier eng eminent Gefor fir d'Rettungsekippen op der Plaz. Ob a wéini d'Sich weidergeet, ass onkloer.