Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet déi asiatesch Alliéiert vun den USA virun engem Militärasaz vu China am Taiwan gewarnt.

Et wier bekannt, datt de chineesesche President Xi Jingping "sengem Militär ordonéiert huet, bis 2027 an der Lag ze sinn, an den Taiwan anzemarschéieren".

An der Regioun ginn et aktuell ëmmer méi Tensiounen. D’Menace duerch China wier reell, sot den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth um Shangri-La Dialog zu Singapur. Dat ass déi gréisst Konferenz fir Sécherheet an Defense an Asien. Den US-Minister Hegseth huet seng asiatesch Alliéiert dozou opgefuerdert, méi fir d'Defense auszeginn an huet Däitschland do als Positivbeispill genannt.

Déi chineesesch Arméi géif hir Force fir een Asaz am Taiwan ausbauen an all Dag dofir üben an den Eeschtfall prouwen, esou den Pete Hegseth zu Singapur. Et géif "kloer a glafwierdeg" Unzeechen dofir ginn, datt sech Peking "dorop preparéiert, méiglecherweis militäresch Gewalt anzesetzen, fir d'Muechtbalance am Indo-Pazifik ze veränneren." D'Menace duerch China wier reell a kéint direkt bevirstoen, esou de Minister. D'Volleksrepublik wéilt Asien "dominéieren a kontrolléieren."

Zanter dem Retour vum Trump ginn et Spannungen tëscht China an den USA, am Handel, awer och geopolitesch. China gesäit den Taiwan als separatistesch Provënz, déi nees mam Festland vereenegt soll ginn - noutfalls mat militärescher Gewalt. Ëmmer nees üübt déi chineesesch Arméi mat Militärmanöver an de Gewässer virun Taiwan. Washington ass ee vun de wichtegsten Alliéierte vun Taipeh.