Palette mat Hëllefsgidder iwwert der Gazasträif ofgeworf

© AFP
D'israeelesch Arméi mellt, si hätt an der Nuecht op e Sonndeg Hëllefsgidder aus der Loft iwwert der Gazasträif ofgeworf.
Et géif sech ëm Palette mat Miel, Zocker a Konserven handelen.
Palästinensesch Sourcë confirméieren der Noriichtenagence Reuters no, dass et am Norde vun der Gazasträif eng éischt Liwwerung aus der Loft gouf. Et soll sech ëm siwe Palette gehandelt hunn.
Iwwerdeems wëll d'israeelesch Arméi humanitär Korridore fir Konvoie vun der UNO installéieren. A bewunnte Gebidder wéilt si och all Dag eng Paus vun de Kämpf initiéieren, fir eben Hëllefsliwwerungen un d'Populatioun ze vereinfachen.
E Sonndeg soll et eng éischt Paus ginn. Israel steet jo massiv ënner Drock wéinst der katastrophaler humanitärer Situatioun a Gaza. Vill palästinensesch Ziviliste sinn an extremer Nout.