Bill an Hillary Clinton solle viru Kontroll-Ausschoss aussoen

© ALEX WROBLEWSKI / AFP
De Kontroll-Ausschoss am Representantenhaus zu Washington D.C. verlaangt, dass déi ominéis "Epstein-Dossiere" public gemaach ginn.
D’Justiz-Ministesch Pam Bondi gëtt opgeruff, d’Akte bannent den nächsten zwou Wochen ze verëffentlechen.
Ausserdeem gi méi Leit fir eng Ausso an d’Kapitol zitéiert. Dorënner zwee Justizministeren aus dem Donald Trump senger éischter Amtszäit, fréier FBI-Direkteren awer och den Ex-President Bill Clinton a seng Fra Hillary.
Den Ex-Wallstreet-Banker Jeffery Epstein ass 2019 ënner mysteriéisen Ëmstänn an engem Prisong gestuerwen. Géint hie gouf wéinst sexuellem Mëssbrauch a Mënschenhandel ermëttelt. Den Jeffery Epstein hat Relatioune mat ville bekannte Perséinlechkeeten aus der US-Politik. Ënner anerem sinn an der Vergaangenheet ëmmer nees Fotoen opgedaucht, déi hie mam aktuellen US-President Trump weisen.
Dësen hat a sengem Walkampf jo behaapt, dass hien d’Epstein-Dokumenter all wäert ëffentlech maachen. Mëttlerweil heescht et aus dem Wäissen Haus, dass een dat net wäert maachen. Iwwerdeems huet de Justizministère de leschte Mount annoncéiert, dass dem Jeffery Epstein säin Doud offiziell als Selbstmord klasséiert gouf. Béides suergt fir Onzefriddenheet beim extreem-rietsen Deel vum Donald Trump senge Wieler. Dës ginn dovun aus, dass den Epstein iwwer Jore systematesch Mineuren, fir ze mëssbrauchen, u mächteg Politiker vermëttelt huet.