Däitsch Police hëlt dräi presuméiert Hamas-Memberen zu Berlin fest

© ALEXANDER POHL NurPhoto NurPhoto via AFP
Déi däitsch Autoritéiten hunn zu Berlin dräi Leit festgeholl, déi verdächtegt ginn, Membere vun der islamistescher Terrororganisatioun Hamas ze sinn.
Wéi et vum federale Parquet vu Karlsruhe heescht, hätten déi dräi versicht, sech Waffen ze beschafen, déi si fir Uschléi wollte benotzen. Deemno hätte si Attacken op israeelesch respektiv jiddesch Ariichtungen an Däitschland an och Morduschléi op Persoune geplangt gehat.
Bei der Festnam wieren ënner anerem e Maschinnegewier, e puer Pistoulen an eng gréisser Quantitéit Munitioun séchergestallt ginn. D'Nimm vun den dräi Männer huet de Parquet mat Abed Al G., Ahmad I. a Wael F.M. uginn. Zwee vun hinne wieren däitsch Staatsbierger an deen anere wier am Libanon gebuer.
Si kréie reprochéiert, zu enger auslännescher Terrororganisatioun ze gehéieren. Ausserdeem gëtt hinnen d'Virbereedung vun enger schwéierer Strofdot virgeworf, déi d'Sécherheet vum däitsche Staat a Gefor bruecht hätt. Spéitstens zanter dem Ufank vum Summer hätte si an Däitschland Waffen a Munitioun fir d'Hamas organiséiert. Déi dräi sollen en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter kommen.
Wéi et vum Magasinn "Der Spiedel" heescht, wieren déi dräi Männer tëscht 36 a 44 Joer al. No hirer Festnam wier et zu Perquisitiounen an Appartementer zu Leipzig an zu Oberhausen komm.