
Bis dohi géife weider 100 Kloe géint d’Republik Éisträich agereecht ginn. “Mir si fir jorelaang Verfare preparéiert, ob d’Mark Ischgl e jorelaange Sträit aushält, muss Tirol beurteelen,” sou de Chef vum Verbraucherschutzveräin VSV. D’Leit wëlle Schuedenersatz.
Bei der Verhandlung sollen och den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz an 2 weider Ministeren als Zeien aussoen.
Dem Veräin no hätte sech Dausende Mënsche bei hinne gemellt, vill dovun aus Däitschland. Bei der Verhandlung den 9. Abrëll virum Landgeriicht fir Zivilrecht geet et ëm de Fall vun engem zu Ischgl infizéierten Éisträicher, deen duerno gestuerwen ass. De Veräin géif bis Fréijoer Sammelkloen organiséieren.
Ischgl war am Mäerz 2020 als Corona-Hotspot an Europa an d’Negativschlagzeile geroden. Dausenden Infektioune sollen op d’Tiroler Wantersport-Destinatioun zeréckzeféiere sinn. Eng onofhängeg Kommissioun vun Experten hat tëschenzäitlech festgestallt, dass et am Krisemanagement zu Feeler a Feelaschätzunge komm war. De Parquet Innsbruck ermëttelt an deem Kader.
De Staat Éisträich hat dës Uschëllegunge bestridden.
15. Februar bis 7. Mäerz: Barkeeper vu “Kitzloch” zu Ischgl positiv op Coronavirus getest
Temoignage aus Éisträich: An Éisträich maachen elo all d’Skigebidder an Tirol, Salzburg a Vorarlberg zou
Ischgl: Wéi ass d’Stëmmung nom Corona-Skandal?