Ischgl – eng Plaz, déi ee bis elo mat flotte Pisten a wëllen Après-Ski-Partyen associéiert huet. Besonnesch beléift och ënnert de Lëtzebuerger, déi fir d’Schivakanz traditionell zu Dausenden dohinner pilgeren. Ma zanter dësem Joer ass Ischgl virun allem och als Corona-Dréischeif bekannt. Vun do aus huet de Virus sech a ganz Europa verbreet. Inoffiziellen Zuelen no hu sech ronn 5.300 Mënschen am beléifte Schi-Gebitt infizéiert, dorënner 18 Lëtzebuerger. Wien ass Schold? A wéi ass d’Stëmmung ënnert den Awunner vun Ischgl? E Kamerateam vum belsche Sender VTM ass op déi Plaz zréckgaangen, wou alles ugefaangen huet. Wärend Éisträich als eent vun den éischten europäesche Länner eng nei Form vun Normalitéit erëmfënnt, bleift dat populäert Schi-Gebitt Ischgl traumatiséiert. Et fillt ee sech gekränkt an der Éier, kee wëll virun der Kamera schwätzen. Masse ginn zwar nach ëmmer net gehalen, d’Kierchen awer sinn op. Do erzielt eng eeler Fra firwat Ischgl sech léiwer verstoppt: aus Schimmt. “Die Welt spricht von Ischgl, wir waren noch nie so bekannt. Lächerlich manchmal, wir haben es nicht erfunden”, iergert sech d’Madamm.
Ufank Mäerz war de Coronavirus awer schonn eng Zäitchen am Ëmlaf a konnt sech da vun Ischgl aus och international verbreeden. An enger Après-Ski-Bar soll alles ugefaangen hunn, méi genee am “Kitzloch”. De 25 Joer ale Patron Bernhard Zangerl versicht d’Situatioun ze erklären.
“Im Nachhinein wäre es natürlich das Richtige gewesen [zu schließen], aber zu dem Zeitpunkt muss man einfach sagen, hat es in Österreich und im Rest wenige Fälle gegeben. In Südtirol hat man von der Berichterstattung gehört. Aber es war zu dem Zeitpunkt hat man einfach nicht gewusst, ist das Virus wirklich gefährlich, ist es nicht gefährlich, wie muss man es einschätzen.”
D’Situatioun ass falsch ageschat ginn. D’Konsequenz: Dausende Corona-Fäll iwwer ganz Europa verdeelt.
Een Dall méi wäit wunnt de Belsch David Baert. Vue dass e scho méi wéi 14 Joer an dëser Géigend lieft, gëllt hie quasi als ee vun do.
“Wann et wierklech wouer ass, dass se sou fréi iwwert de Corona Bescheed woussten, hätte se éischter misste reagéieren.”
An dat wier aus finanzielle Grënn eben net geschitt. An de grousse Schi-Gebitter géing et ëmmer nëmmen ëm Sue goen, esou den David Baert. Ëm Millioune souguer.
De Patron vum “Kitzloch” ass de Bouf vun der räichster Famill vun Ischgl. Eng Famill mat groussem politeschen Afloss. De Bernhard Zangerl rechtfäerdegt déi spéit Reaktioun: “Man hat leider das gemacht was einem gesagt wurde und darauf vertraut, dass das das Richtige ist.”
Wien woufir responsabel ass, muss d’Justiz ënnersichen. Ma dass eppes falsch gelaf ass, ass kloer.
