
Donieft sinn d’Autoritéiten amgaangen, fir eventuell weider Leit, mat deenen de Mann a Kontakt war, ze sichen. Experte soe zwar, datt de Risiko, datt sech Gäscht beim ugestach hunn, kleng wier, an awer solle Leit, déi tëscht dem 15. Februar an dem 7. Mäerz an dëser Bar waren, sech bei hire lokalen Autoritéite mellen, falls si Symptomer kréien, déi op de Coronavirus kéinten hindeiten. Zu Lëtzebuerg wier dat d’Telefonsnummer 8002 8080.

Sollte eventuell betraffe Leit awer keng Symptomer opweisen, esou brauch een och net dovunner auszegoen, datt ee sech ugestach hätt.