D'Tiroler Landesregierung huet um Mëttwoch decidéiert, dass d'Schigebitt Ischgl vum 14. Mäerz u fir 14 Deeg zou bleift.

Nodeems e Barkeeper an der Bar Kitzloch an der Touristen-Héichbuerg Ischgl op d'mannst 24 Persoune mam Covid-19 ugestach soll hunn, gouf d'Decisioun geholl, d'Schi-Gebitt vun Ischgl zouzemaachen.

D'Enn vun der Saison ass op den 14. Mäerz gesat ginn, de leschte Schi-Dag ass schonn den 13. Mäerz.
Op der Schwäizer Säit ass nach näischt gespaart.

Ischgl

Aktuell ass den RTL-Journalist Joël Detaille op der Plaz an huet beschriwwen, wéi d'Situatioun an der bei ville Lëtzebuerger beléifter Schi-Regioun ass.

Hien ass vum Hotel an och vun den éisträicheschen Autoritéiten iwwert d'Situatioun informéiert ginn. Hie seet et wieren däitlech manner Leit op der Plaz a weess och elo net, wat geschitt wann hien e Samschdeg zeréck op Lëtzebuerg kënnt.

Den RTL-Journalist Joël Detaille vun Ischgl
Schigebitt Ischgl vun e Samschdeg u fir 2 Woche gespaart

An Éisträich maachen elo all d'Skigebidder an Tirol, Salzburg a Vorarlberg zou. D'Wantersaison ass fir si eriwwer, och d'Hotellen a Pensioune mussen zouspären.

Knokke am "Lockdown"

Och déi belsch Küstestad Knokke, och beléift bei de Lëtzebuerger Touristen, ass esou gutt wéi ofgespaart. De Buergermeeschter huet en Donneschdeg decidéiert, dass all In- an Outdoor-Aktivitéiten z'annuléieren. Eventuell kéinten och d'Restauranten an d'Butteker an den nächsten Deeg zoumaachen.