
Israel kritt vun der Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International eng "eethnesch Botzaktiounen" (ethnic cleansing) géint palestinensesch Beduinen- an Hierte-Gemeinschaften am besate Westjordanland virgehäit. Mat enger "brutaler, staatlecher Campagne" wéilt déi israeelesch Regierung "hir Pläng" zur formeller Annexioun vum Westjordanland beschleunegen, heescht et an engem Rapport vun der Organisatioun, deen e Mëttwoch erauskomm ass.
Den Text konzentréiert sech op ländlech Gemeinschaften am Westjordanland, déi besonnesch ënnert der Gewalt vun israeelesche Siidler an Zwangsverdreiwung ze leiden hätten. Tëscht Dezember 2022 an Dezember 2025 wiere 27 Communautéiten mat jeeweils honnerte Mënsche verdriwwe ginn oder wiere Gewalt ausgesat gewiescht, sou Amnesty.
Déi meeschte Leit waren an der sougenannter Zon C betraff, déi méi wéi 60 Prozent vum Westjordanland ausmécht an ënner kompletter israeelescher Kontroll steet. D'Mënscherechtskommissioun constatéiert, dass d'Campagne net vun eenzele Siidler géing ausgoen, mee staatlech gesteiert wier.
Weider heescht et am Rapport, dass et Beweiser géinge ginn, dass d'Verstéiss tëscht Januar 2023 an Dezember 2025 Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet géinge gläich kommen. D'Ziler vun der reliéis-nationalistescher Siidler-Beweegung wieren an déi staatlech Politik vum Premier Benjamin Netanjahu integréiert ginn.
Doduerch géing déi aktuell Regierung d'Annexioun an d'Ausweite vun de Siidlungen, an domat eethnesch Botzaktiounen, finanziell a politesch ënnerstëtzen. Eleng tëscht 2023 an 2025 hätt d'Administratioun Netanjahu de Bau vu bal 51.000 Wunnengen an de betraffene Gebidder autoriséiert.
Amnesty International verweisen an hirem Communiqué op d'Verflichtunge vun Israel, déi si als Besatzer vum Westjordanland mëssuechten. Déi concernéiert Gemeinschaften liewen do meeschtens isoléiert an ouni sozial Ofsécherung.