Burka oder Nikab net méi erlaabtAn Italien gëllt elo e Verschleierungsverbuet an de Schoulen

RTL Lëtzebuerg
An Italien däerfe dann och vum nächste Schouljoer un an de Klassen just nach maximal 30% Schüler sinn, déi zougewandert sinn an d'Sprooch net gutt kënnen.
D'Giorgia Meloni
Déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni bei engem ëffentlechen Optrëtt.
© AFP

An Italien gëllt elo e Verschleierungsverbuet an de Schoulen, dat huet d'Regierung vun der Premierministesch Giorgia Meloni via Dekreet decidéiert. Domadder si Burka oder Nikab fir Schülerinnen net méi erlaabt.

Derbäi kënnt, dass vum nächste Schouljoer un an de Klasse just nach maximal 30% Schüler däerfe sinn, déi zougewandert sinn an net gutt genuch Italieenesch kënne schwätzen, domadder géif d'Integratioun besser klappen.

Fir d'Oppositioun ass et e weidert Verschäerfen vum Meloni hirer strenger Migratiounspolitik.

Back to Top
CIM LOGO