Walen zu Berlin an a Mecklenburg-VorpommernAn Ostdäitschland gëtt et zwou ganz enk Coursse mat enger staarker AfD

RTL Lëtzebuerg
A béide Bundesländer dierft déi aktuell Koalitioun wuel keng Majoritéit méi kréien an et kéint op Dräierkoalitiounen erauslafen.
Landtagswal a Mecklenburg-Vorpommern: Walkampf geet an déi lescht Phas
© SOMAYA ABDELRAHMAN/Anadolu via AFP
Walen zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern
An Ostdäitschland gëtt et zwou ganz enk Coursse mat enger staarker AfD

No de Walen a Sachsen-Anhalt virun zwou Woche gëtt e Sonndeg schonn nees bei eisen däitschen Nopere gewielt, och rëm am Osten, méi genee zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern. An do dierften et op béide Plazen nawell ganz enkt Resultater an dono schwiereg Koalitiounsverhandlunge ginn.

"Die Frau gegen Blau", dat steet op de Walplakater vun der SPD a Mecklenburg-Vorpommern. Mat der "Frau" ass d'Spëtzekandidatin an aktuell Ministerpresidentin Manuela Schwesig a mat "Blau" d'AfD gemengt. An den Ëmfroe leien d'SPD an d'AFD ganz no beieneen, an enger ganz rezenter, déi d'Forschungsgruppe Wahlen fir den ZDF gemaach huet, kënnt d'SPD op 37 an d'AfD op 36 Prozent vun de Stëmmen, an aneren Ëmfroe läit d'AfD liicht vir. Een Thema am Wahlkampf ass d'Migratioun, an do werft d'Manuela Schwesig der AfD vir, d'Leit géinteneen auszespillen.

"Wir haben 50.000 Menschen mit Migrationshintergrund, die in unserem Land jeden Tag arbeiten, im Tourismus aber auch im Krankenhaus in der Pflege und von mir werden Sie nicht diesen Hass und diese Hetze gehört haben, die man ja von der AfD auf den Plätzen hört."

De Leif-Erik Holm, dee fir d'AfD fir de Poste vum Ministerpresident kandidéiert, huet entgéintgehalen, et hätt ee kee Problem mat Zouwanderung, awer just wann et sech ëm qualifizéiert Salariéen handelt. Et hätt ee par Konter ee grousse Problem mat illegaler Migratioun.

"Aber wir müssen dann erst diese Probleme lösen und Frau Schwesig hat das Problem nicht gelöst. 79 Abschiebungen im ersten Halbjahr, das geht so nicht, das ist einfach zu wenig, wir wollen Recht und Gesetz konsequent umsetzen, das werden wir tun als AfD und dann wird die Stimmung auch wieder besser sein."

Zu Berlin gëtt sech och eng enk Course erwaart, allerdéngs tëscht deene Lénken an der CDU. Bei der Forschungsgruppe Wahlen läit "die Linke" mat 22 Prozent liicht virun der CDU mat 20 Prozent, d'AfD kéim mat 18 Prozent op déi drëtte Plaz.

Sollten d'Walen esou ausgoe wéi d'Ëmfroen et elo undeiten, dann hätt esouwuel d'Koalitioun aus SPD an deene Lénken a Mecklenburg-Vorpommern wéi och déi aus CDU an SPD zu Berlin keng Majoritéit méi. Well am Fong keng aner Partei mat der AfD zesummeschaffe wëllt, kéint et gutt sinn, datt et op béide Plazen um Enn eng Dräierkoalitioun wäert ginn. Spannend ass och, datt d'CDU a Mecklenburg-Vorpommern just nach bei 6 Prozent läit a fäerte muss, datt se aus dem Landtag erausflitt. Dann dierft et fir de Bundeskanzler Friedrich Merz nach méi ongemittlech wéi souwisou scho ginn.

Back to Top
CIM LOGO