
Betraff sinn déi Vereenegt Arabesch Lëscht Raam vum Mansur Abbas an déi Gemeinsam Lëscht aus Chadasch, Taal a Balad.
Als Begrënnung gouf ënner anerem genannt, datt d'Parteien den arméierte Kampf géint Israel géifen ënnerstëtzen. Déi Gemeinsam Lëscht huet d'Decisioun als "politesch, rassistesch an antidemokratesch" kritiséiert. Déi rietsextrem jiddesch Partei Ozma Jehudit vum Policeminister Itamar Ben-Gvir dierft dogéint un der Wal deelhuelen.
D'Decisioune vum Walcomité sinn nach net definitiv.
Ronn 21 Prozent vun der israeelescher Bevëlkerung sinn Araber.
Mënscherechtsorganisatioune warnen, datt hir politesch Participatioun ëmmer méi a Fro gestallt gëtt.
D'Parlamentswale sinn den 27. Oktober. Ëmfroen no kéint keng vun deenen zwee grousse politesche Lageren eng absolut Majoritéit erreechen. D'Vereent Arabesch Lëscht kéint domat eng wichteg Roll bei der Regierungsbildung spillen.