
Bayern wëll wéinst der Delta-Variant d’Grenze méi streng kontrolléieren, dat sot de bayresche Gesondheetsminister Holatschek der “Bild am Sonntag”. Wien an Däitschland wunnt an aus der Vakanz zeréckkënnt, sollt sech schonn emol op esou Kontrollen astellen, esou de Minister. Dobäi soll kontrolléiert ginn, ob d’Leit den Impfzertifikat oder een negatiivt Testresultat hunn.
Et wier wichteg, dass virun der Arees getest gëtt an dass dat um Flughafen an op de Grenziwwergäng och kontrolléiert gëtt. Bis ewell gouf dës Mesure éischter mat wéinege Stéchprouwe kontrolléiert, dat soll sech dem bayresche Gesondheetsminister no also elo änneren.
Bayern wier och schonn amgaangen, sech mam Bund ofzestëmmen, fir flächendeckend Kontrolle sécherzestellen.
