No déidlecher MesserattackBei Protester zu Belfast goufe Gefierer a Brand gestach

RTL mat AFP
Riets Gruppéierungen haten d'Leit opgeruff, op d'Stroossen ze goen, nodeems um spéide Méindegowend an der Stad eng Persoun déidlech mat engem Messer verwonnt gouf.
© PAUL FAITH/AFP

En Dënschdegowend sinn an der nordirescher Haaptstad Belfast Anti-Immigratiouns-Protester eskaléiert. Protestanten hunn eng Rei Gefierer, dorënner e Bus, a Flame gesat.

Riets Gruppéierungen haten d'Leit opgeruff, op d'Stroossen ze goen, nodeems et um spéide Méindegowend an der Stad eng Persoun déidlech mat engem Messer verwonnt gouf. Beim presuméierten Auteur vun der Attack handelt et sech ëm e Mann, deen aus dem Sudan staamt. E Video vun der Dot huet sech séier iwwer déi sozial Medie verbreet an d'Stëmmung weider opgehëtzt.

D'nordiresch Poilce an d'brittesch Autoritéiten hunn no der Attack dozou opgeruff, d'Rou ze behalen, dat allerdéngs ouni Erfolleg. Zanter 18 Auer mëtteleuropäescher Zäit en Dënschdeg hu sech honnerte Leit, vun deenen der vill maskéiert sinn, op verschiddene Plazen uechter Belfast versammelt. Journaliste vun der Noriichtenagence AFP mellen, dass ëmmer nees Damp opsteigt, an dass aktuell Policehelikopteren iwwert der Stad fléien.

Back to Top
CIM LOGO