Bis 2035Porsche wëll 5.000 weider Aarbechtsplazen ofbauen

RTL Lëtzebuerg
Porsche baut bis 2025 weider 5.000 Aarbechtsplazen of. Dat huet de Sportswonproduzent e Méindeg annoncéiert.
Un employé travaillant sur une Porsche 911, le modèle historique de la marque, à l'usine de Zuffenhausen, le 6 mars 2025
© AFP/Archiv

Fir dës Reduktioun vum Effectif soll awer kee gekënnegt kréien. Et setzt een éischter drop, datt zum Beispill eeler Mataarbechter hir Aarbechtszäit reduzéieren oder Leit aus anerer Grënn d‘Firma verloossen. Op där anerer Säit engagéiert sech Porsche nämlech d'Produktioun an Däitschland z'erhalen.

D'Zil vun dësem sougenannten Zukunftspak wier d'Personalkäschten däitlech ze reduzéieren. Gläichzäiteg solle méi wéi 2 Milliarden Euro an d'Produktiounen an Däitschland z'investéieren. Doduerch soll den Autosbauer méi kompetitiv ginn, a laangfristeg Aarbechtsplaze kënnen erhalen.

Back to Top
CIM LOGO