
Vun den 3.075 Leit déi krank gi sinn, sinn der 1.354 Leit gestuerwen. Dat geet aus den offiziellen Zuelen, déi e Sonndeg publizéiert goufen. Eleng an de leschten Deeg si ronn 1.000 nei Fäll dobäi komm.
De 15. Mee ass den Ausbroch ausgeruff ginn an huet sech antëscht a fënnef Provënzen am Oste vum zentral-afrikanesche Land ausgebreet. Bal 90 Prozent vun de Fäll goufen der WHO no an der nordëstlecher Provënz Ituri an un der Grenz zu Uganda an dem Südsudan festgestallt.
Déi staark Augmentatioun vun Zuelen féieren Autoritéiten deels op eng verbessert Erkennung an op méi Testen zeréck. D'Epidemie kéint Experten no nach e puer Méint daueren. Ënnert anerem Streike vu Beschäftegten an der Santé wéinst Léin déi net bezuelt goufen, géif de Kampf géint d'Krankheet an enger Partie Spideeler weider beanträchtegen.
Bei dëser Epidemie handelt et sech ëm den elo scho 17. Ausbroch vun Ebola an der Demokratescher Republik Kongo. Verursaacht gëtt d'Krankheet duerch d'Bundibugyo-Variant vum Virus, géint deen et am Moment weder eng Behandlung, nach en Impfstoff gëtt. Et géif am Moment awer dru geschafft ginn, fir e wierkungsvollen Impfstoff geschwënn op de Maart ze bréngen.
Ebola gëtt duerch direkte Kontakt mat Kierperflëssegkeete vun Infizéierten iwwerdroen a kann staarkt hämorrhagescht Féiwer ausléisen. An de leschte 50 Joer sinn an Afrika iwwer 15.000 Leit un der Krankheet gestuerwen.