Ugrëff zu BerlinFra, déi um Christopher Street Day ëmkoum, war eng 65 Joer al Mamm aus Polen

AFP, iwwersat vun RTL
D'Fra, déi an der presuméiert islamistesch motivéierter Attack um Christopher Street Day zu Berlin ëmkoum, war eng 65 Joer al Fra aus Polen. Dat huet ee Spriecher vun der Berliner Senatskanzlei e Méindeg confirméiert.
Die bei dem mutmaßlich islamistisch motivierten Anschlag beim Berliner Christopher Street Day (CSD) getötete Frau stammt aus Polen. Das bestätigte die Berliner Senatskanzlei.
Den Ugrëff war e Samschdeg den Owend net wäit vum Schlussevent vum Christopher Street Day beim Brandenburger Tor an der däitscher Haaptstad.
© AFP

Déi polnesch Staatsbiergerin war deemno zesumme mat hirer Duechter zu Berlin. Ee Spriecher vum polneschen Ausseministère zu Warschau huet e Méindeg och confirméiert, datt d'Affer eng polnesch Staatsbiergerin gewiescht wier. Weider Detailer huet hien allerdéngs net genannt. Och däitsch Ermëttler hu bis ewell keng Detailer zu der Fra oder den 29 Blesséierte genannt.

Den Ugrëff war e Samschdeg den Owend net wäit vum Schlussevent vum Christopher Street Day beim Brandenburger Tor an der däitscher Haaptstad. Ee méiglecherweis islamistesch motivéierten 21 Joer ale Mann ass fir d'éischt mat engem Auto beim Tiergarten an eng Grupp vu Leit gefuer, ier hie mat engem Messer weider Leit um Pride-Event attackéiert huet.

De Verdächtegen, deen no der Dot konnt flüchten, gouf e Sonndeg den Owend vu Spezialunitéiten an engem Schrebergarten-Gebitt zu Berlin erschoss. De Beamten no war hie virdru mat engem Messer op d'Polizisten duergelaf.

Fra, déi um Christopher Street Day ëmkoum, war eng 65 Joer al Mamm aus Polen
Den Ugrëff war e Samschdeg den Owend net wäit vum Schlussevent vum Christopher Street Day beim Brandenburger Tor an der däitscher Haaptstad.

Back to Top
CIM LOGO