Nei Prozedur fir Leit aus DrëttstaatenD'Arees an d'Ausrees an d'EU sollen digital erfaasst ginn

RTL Lëtzebuerg
De Stempel, deen een un der Grenz oder um Fluchhafen a säi Pass gemaach kritt, kéint lues a lues verschwannen.
© DANIEL LOB DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Dat op mannst mol fir Leit aus Drëttstaaten, déi an d’EU areese wëllen.

Vun e Sonndeg u gëtt nämlech un de Grenze vun der Europäescher Unioun eng nei Prozedur fir Net-EU-Bierger agefouert. Esouwuel d’Arees, wéi och d’Ausrees aus der EU soll digital erfaasst ginn. Dat soll net just méi iwwersiichtlech sinn, mee déi biometresch Donnéeën, ewéi zum Beispill Fangerofdréck, sollen der EU-Kommissioun no och hëllefen, d’Kriminalitéit ze bekämpfen.

Den Iwwergangszäitraum dauert en halleft Joer. Fir EU-Biergerinnen a -Bierger ännert sech awer näischt.

Back to Top
CIM LOGO