
Direkt e puer Plantage goufen en Donneschdeg am Kader vun Ermëttlungen a wärend engem grousse Policeasaz an Nordrhein-Westfalen entdeckt. Am Viséier war den illegalen Ubau vu Cannabis.
Bei de Perquisitioune goufen am Ganzen 12 Objeten duerchsicht, wou och sëllege Cannabis-Plantage fonnt goufen. Dausende Planze souwéi scho fir ze verschécke fäerdeg preparéiert Marihuana-Päck konnte séchergestallt ginn. Deelweis gouf fir d'Ubaue vun de Planzen ëmfangräich Technik benotzt. Dës gouf ofmontéiert an nach op der Plaz zerstéiert. Donieft hunn d'Ermëttler héich Zomme Boergeld a schaarf Munitioun séchergestallt.
E puer Persoune goufe festgeholl, dorënner der och, géint déi schonn e Mandat d'arrêt bestanen huet.
Perquisitioune gouf et zu Oochen, Herzogenrath, Übach-Palenberg, Geilenkirchen, Baesweiler, Mönchengladbach, Jüchen an Elsdorf. Am Ganze ware méi wéi 100 Beamten am Asaz. Et wier eminent vill Beweismaterial fonnt ginn, dat nach muss ausgewäert ginn. D'Ermëttlunge géifen nach undaueren.