Nei Bëschbränn a SpuenienDausende Leit an der Géigend vu Valencia evakuéiert

RTL mat AFP
D'Bëschbränn a Spuenien bleiwen eng grouss Erausfuerderung fir d'Asazkräften.
© CESAR MANSO/AFP

Nieft de grousse Bränn westlech vu Madrid ass elo och an der Regioun Valencia en neie Brand ausgebrach, deen de lokalen Autoritéiten no ausser Kontroll geroden ass. Am Gebitt Vall d'Uixó, an der Provënz Castellón nërdlech vu Valencia, bekämpfen d'Pompjeeën e Feier vun enger Längt vu ronn 21 Kilometer.

D'Buergermeeschtesch Tania Baños huet erkläert, datt de Brand net ënner Kontroll wier. Ronn 16.000 Mënsche goufen a Sécherheet bruecht. Déi Awunner, déi net evakuéiert goufen, goufen opgefuerdert, hir Wunnengen net ze verloossen. AFP-Informatiounen no hu wéinst de Bëschbränn a Spuenien insgesamt ronn 75.000 Leit hir Wunnenge misse verloossen. Nieft der Regioun Valencia bleift virun allem d'Situatioun am Groussraum Madrid kritesch, wou d'Pompjeeë weider géint d'Flame kämpfen.

Am Ëmkrees vu Madrid sinn ongeféier 100.000 Leit direkt oder indirekt vun de Bränn betraff, sou déi spuenesch Autoritéiten. Besonnesch an der Provënz Toledo, ronn 50 Kilometer südwestlech vun der Haaptstad, breeden d'Flame sech weider aus.

De spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez huet sech an der Regioun Ávila selwer e Bild vun der Situatioun gemaach. Hien huet vu "schwierege" Stonne fir d'Rettungsekippe geschwat. Gläichzäiteg huet hien awer betount, datt d'Nuecht op e Sonndeg mam Bléck op d'Läschaarbechte positiv verlaf wier. De Wand kéint d'Feier awer nees nei ufachen.

Läschfligere vun Italien a Portugal ënnerstëtzen d'Bekämpfung vun de Bränn a Spuenien.

Och wann Madrid selwer net direkt vun de Flamme menacéiert gëtt, hunn Äschewolleken, déi duerch de Wand transportéiert goufen, um Weekend d'Haaptstad erreecht.

Am Kontext vun de ville Bränn huet de Pedro Sánchez nach eng Kéier fir en nationale Plang géint de Klimanoutstand plädéiert. Dem Regierungschef no si bis Juli schonn iwwer 130.000 Hektar Bësch a Vegetatioun a Spuenien verbrannt, dobäi kënnt den traditionell waarmen August nach eréischt.

Back to Top
CIM LOGO