DäitschlandTransportminister Patrick Schnieder trëtt zeréck

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Politiker e Sonndeg an enger Deklaratioun bekannt ginn.
De Patrick Schnieder
© SOEREN STACHE/dpa Picture-Alliance via AFP

Den däitschen Transportminister Patrick Schnieder trëtt zeréck. An enger Deklaratioun aus där ënner anerem de Focus zitéiert, schwätzt den CDU-Politiker vun engem Zoustand, deen net wierdeg wier. Et wier net méiglech fir sachlech ze schaffen. Dofir wëllt hien de Bundeskanzler bieden, hien ass sengem Amt ze entloossen.

Am Kader vum rezente Regierungs-Remaniement wollt de Kanzler Merz de Schnieder wéi et ausgesäit lass ginn. Den designéierte Nofollger Fritz Güntzler soll awer kuerzfristeg ofgespronge sinn. Eng nei Léisung huet den däitsche Bundeskanzler bis ewell net presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO