
Russland soll ukraineschen Informatiounen no weider 30.000 Zaldoten aus Nordkorea ugefrot hunn. Den ukrainesche President Selenskyj huet op der Plattform X geschriwwen, zanter Juni géingen d'Preparatiounen a Russland lafen, fir d'Zaldoten aus Nordkorea opzehuelen.
Doriwwer eraus géing d'Liwwerung vu weidere Rakéitenofschossrampen u Russland virbereet ginn.
Aus Moskau gëtt et zu dësen Aussoen nach keng Confirmatioun. Russland soll westleche Geheimdéngschter no zanter Enn 2024 schonn eng ronn 15.000 Zaldoten aus Nordkorea am Krich géint d'Ukrain stationéiert hunn.
Südkorea schätzt, dass scho ronn 2.000 nordkoreanesch Zaldoten dobäi ëm d'Liewe komm wieren.
D'nordkoreanesch Ausseministesch Choe Son Hui war virun e puer Deeg zu Moskau op Besuch a gouf vum President Wladimir Putin empfaangen.