Dës Allianz aus Milizen an arméierte Gruppe sollt Israel ëmkreesen, den Afloss vum Iran an der Regioun stäerken an am Fall vun engem Konflikt als Verdeedegungslinn déngen. Mee wéi vill Kraaft huet dës Achs haut nach?
D’Konzept war einfach: iwwer finanziell a militäresch Ënnerstëtzung huet den Iran iwwer Joerzéngten eng Rei vu Partner opgebaut – am Libanon, am Irak, am Jemen, a Syrien, mee och an der Gazasträif. Dës Gruppen hunn net nëmmen als politesch Alliéierte gegollt, mee virun allem als strategescht Ofschreckungsmëttel géint Israel.
Zanter dem Hamas-Ugrëff vum 7. Oktober 2023 an den israeelesche Géigeschléi huet sech d’Situatioun awer verännert. Verschidde Gruppen hu schwéier Verloschter erlidden, och de politeschen Afloss vum Iran ass a verschiddene Regiounen zeréckgaangen. D’Achs ass domat net verschwonnen, mee si ass däitlech geschwächt.
Am Libanon war d’Hisbollah laang déi stäerkst a wichtegst Miliz vum Iran. Mat ronn 30.000 Kämpfer an engem Arsenal vun iwwer 100.000 Rakéite gouf si als eng vun de gréisste Menacen fir Israel ugesinn. No Attacken aus dem Norde vun Israel huet déi israeelesch Arméi zanter 2024 awer massiv zeréckgeschloen.
Grouss Deeler vum Arsenal goufen zerstéiert an d’Féierung vun der Organisatioun, dorënner och de laangjärege Chef Hassan Nasrallah, gouf eliminéiert. Haut gëtt geschat, datt nach ronn 30.000 Rakéiten iwwreg sinn, virun allem Kuerzstrecke-Rakéiten.
Offiziell wëll d’Hisbollah sech aktuell net an eng nei grouss Eskalatioun abannen, sou laang sech d’Attacken op den Iran begrenzen. Experte schléissen awer net aus, datt sech dat séier ännere kéint, wann Teheran sech bis existenziell bedreet fillt.
Am Irak ass d’Situatioun méi komplex. Do operéieren eng ganz Rei vu schiitesche Milizen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn. Rassembléiert kéinten dës Gruppen méi wéi 100.000 Kämpfer duerstellen.
Si gëlle virun allem als Gefor fir amerikanesch Militärbasen am Irak an a Syrien. An de leschte Méint hunn dës Milizen nees nei Kämpfer rekrutéiert a Waffenarsenaler opgestockt. No de rezenten Attacken op den Iran sollen och scho Rakéiten an Dronen a Richtung Israel gestart gi sinn – och wann dës Informatiounen net onofhängeg confirméiert goufen.
Am sougenannten “12-Deeg-Krich” vun d’lescht Joer hunn dës Gruppe sech awer nach zréckgehalen, méiglecherweis op Uerder vu Teheran. Déi aktuell Regierung fokusséiert sech op gutt Relatioune mat den USA an ass midd vu jorelaangem Krich.
Am Jemen operéieren d’Huthi-Rebellen, déi zwar Deel vun der Achs sinn, awer als relativ onofhängeg gëllen. Si hate schonn nom 7. Oktober 2023 Schëffer am Roude Mier ugegraff an domat eng wichteg Handelsroute massiv gestéiert. Vill Reedereie waren deemools gezwongen, de Sueskanal ze evitéieren an ëm Afrika ze fueren, mat grousse wirtschaftlechen an inflationäre Konsequenzen.
No der Waffenrou zu Gaza goufen d’Attacke gréisstendeels gestoppt. Elo dreeën d’Huthi awer nees mat Attacken op Schëffer a mat Rakéiten op Israel. Och wann dës technesch net ëmmer präzis sinn, bleift d’Gefor fir d’Regioun a fir de globale Commerce awer reell.
D’Achs vum Widderstand ass haut net méi déi staark a koordinéiert Struktur, déi se nach virun e puer Joer war. Militärschléi, politesch Verännerungen an intern Schwaachpunkten hunn hir Capacitéite reduzéiert. Trotzdeem bleift si eng onberechenbar Variabel am Konflikt am Noen Osten.
Sollt d’Situatioun ronderëm den Iran weider eskaléieren, kéinten dës Gruppen nees méi aktiv ginn an domat de Konflikt wäit iwwer d’Grenze vum Iran an Israel erausdroen. Fir d’Regioun heescht dat: d’Gefor ass net verschwonnen, se huet just an hirer Form verännert.