International Suergen a schaarf KritikUS-israeelesch Attacken op den Iran zéie Géigenattacke mat sech

AFP, iwwersat vun RTL
No wochelaange Menacen hunn d'USA an Israel massiv Loftattacke géint den Iran lancéiert an domat d'Angscht virun engem regionale Krich gefiddert.
US-israeelesch Attacken op den Iran zéien Géigenattacke mat sech
No wochelaange Menacen hunn d’USA an Israel massiv Loftattacke géint den Iran lancéiert an domat d’Angscht virun engem regionale Krich gefiddert.

Den US-President Donald Trump huet e Samschdeg “grouss Operatiounen” ugekënnegt, fir “d’Menacen” duerch déi islamesch Republik aus dem Wee ze schafen an huet déi iranesch Bevëlkerung opgeruff, d’Regierung zu Teheran ze stierzen. Den Iran iwwerdeem huet mat Géigenattacken op Israel an US-Militärbasen a verschiddene Länner vun der Regioun reagéiert.

Zu Teheran an aneren iranesche Stied wéi Isfahan, Ghom oder Karaj wieren e Samschdeg Explosiounen ze héieren, wéi Journaliste vun der Noriichtenagence AFP an iranesch Medien gemellt hunn. “Ech hu mat mengen eegenen Aen zwou Tomahawk-Rakéiten gesinn, déi horizontal op Ziler zougeflunn sinn“, seet en Awunner vu Teheran géintiwwer AFP.

Iwwer dem Stadzentrum vun der iranescher Haaptstad ass massiven Damp ze gesi gewiescht. Déi iranesch Police huet de Quartier ofgerigelt, an deem d’Residenz vum geeschtleche Leader Ayatollah Ali Chamenei an de Presidentepalais leien. Staatsmedien hu gemellt, de President Massud Peseschkian wier “sécher a bei gudder Gesondheet”. En israeelesche Sender huet gemellt, dass de Chamenei an de Peseschkian zu den “Ziler” vum Ugrëff gehéiert hätten.

Déi israeelesch Arméi huet Attacken op “Honnerten iranesch Militärziler, dorënner Infrastrukture fir Rakéiten ze lancéieren, dat am Westen vum Iran“, bekannt ginn. Ausserdeem hätten d’Loftattacken zu Teheran op Vertrieder vun der iranescher Féierung geziilt.

Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz huet vun engem “Preventivschlag“ géint den Iran geschwat. D’Arméi huet erkläert, Zil vum Asaz wier et, dat “iranescht terroristesch Regime“ ëmfaassend ze schwächen an “existenziell Menace fir de Staat Israel” auszeschalten. D’USA an Israel haten déi gemeinsam Ugrëff eegenen Aussoen no iwwer “Méint” geplangt. D’Ugrëff géifen “sou laang wéi néideg” weidergoen, sou heescht et aus israeelesche Sécherheetskreesser.

US-President Trump huet déi Loftugrëff mam iraneschen Atom- a Rakéiteprogramm, souwéi der Ënnerstëtzung vu bewaffente Milizen an anere Länner begrënnt. “Eist Zil ass et, déi amerikanesch Bevëlkerung ze verdeedegen, andeem mir déi onmëttelbar Menace vum iranesche Regime ausschalten”, sot den Trump an enger Video-Usprooch.

Der iranesch Bevëlkerung huet den Trump “Fräiheet” an Aussiicht gestallt an huet d’Leit opgeruff, d’Regierung zu Teheran ze stierzen. “Wa mir fäerdeg sinn, iwwerhëlt är Regierung”, sot den US-President. Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu sot, et wier “un der Zäit”, datt d’Leit am Iran “d’Joch vun der Tyrannei ofrëselen”.

De Jong vum leschte Schah vum Iran, Reza Pahlavi, sot an enger Video-Messagë, hie géif vun engem séiere Enn vun der Islamistescher Republik ausgoen. “Mir sinn no un enger definitiver Victoire.”

Den iraneschen Ausseministère huet ugekënnegt, decisive op d’Attacken ze “äntweren”. “Mir si besser preparéiert wéi jee virdrun, fir déi iranesch Natioun ze verdeedegen.” D’Revolutiounsgarden hu “massiv” Rakéiten- an Dronenugrëffer op Israel ugekënnegt.

Den iranesche Staatsmedien no goufen bei engem israeeleschen Ugrëff op eng Meederchersschoul am Süden vum Land op d’mannst 85 Schülerinnen ëm d’Liewe bruecht. 60 weider Schülerinnen wiere bei deem Ugrëff op d’Grondschoul zu Minab an der süd-iranescher Provënz Hormozgan no bei der Küst vun der strategesch wichteger Strooss vun Hormus blesséiert ginn.

An Israel gouf iwwerdeem landeswäit Alarm ausgeléist an de Loftraum gespaart. D’Leit goufe gefrot, Schutzraim opzesichen. D’Stadverwaltung vu Jerusalem huet Schoulen a Betriber bis e Méindeg den Owend zougemaach. Den israeeleschen Rettungsdéngscht huet op d’mannst een Bleséierte gemellt.

Och a verschiddenen anere Länner an der Regioun gouf et Attacken. An de Vereenegte Arabeschen Emirater ass en Zivilist gestuerwen, wéi de Verdeedegungsministère matgedeelt huet. Am Bahrain ass e Servicezentrum vun der 5. US-Flott duerch e “Rakéitenugrëff“ getraff ginn, wéi de Golfstaat matgedeelt huet. Zu Riad, der Haaptstad vu Saudi-Arabien, souwéi am katareschen Doha hu Journaliste vun AFP och Explosioune héieren.

Hei geet et op eisen Liveticker zu der Situatioun am Noen Osten!

Déi international Communautéit reagéiert

D’US-israeelesch Attacken an déi iranesche Géigenattacken hunn international fir besuergte Reaktiounen a plazeweis schaarf Kritik gesuergt. De franséische President Emmanuel Macron huet virun enger “geféierlecher” Eskalatioun an der Regioun gewarnt. D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet d’Entwécklunge mam Iran als “héich besuergneserreegend” bezeechent. “Mir ruffen all d’Säiten zu maximaler Zréckhalung, zum Schutz vu Zivilisten an zum vollstännege Respekt vum Vëlkerrecht op.”

Den norwegeschen Ausseministère Espen Barth Eide huet déi israeelesch Loftugrëff op den Iran als vëlkerrechtswiddreg bezeechent. Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk huet d’Loftattacke vun allen Konfliktparteien verurteelt an all Säite opgefuerdert, zeréck un den Verhandlungsdësch ze kommen.

Den iranesche Partner Russland huet déi US-israeelesch Attacke schaarf verurteelt. Den Ausseministère zu Moskau huet erkläert, Washington an Tel Aviv hätten “alt nees eng geféierlech Aventure gestart, déi d’Regioun séier un d’Grenz vun enger humanitären, ekonomescher an, dat ka net ausgeschloss ginn, radiologescher Katastroph bréngt”.

Zu Berlin gouf eng Reunioun vum Krisenstab vun der Bundesregierung am Ausseministère aberuff. Déi däitsch Bundesregierung wier Aussoen vum Ausseministère an dem Spriecher vum Bundeskanzler Friedrich Merz no am Virfeld iwwer den Ugrëff op den Iran informéiert ginn.

D’Tensioune mam Iran hate sech an de leschte Wochen an haaptsächlech zënter der bluddege Reaktiounen op d’Protester am Iran am Januar massiv verschäerft. En Donneschdeg haten d’USA an den Iran nach eemol indirekt Atomverhandlunge gefouert.

Den Trump hat der iranescher Féierung iwwer Woche mat engem Militärasaz gedreet. Fir den Drock op den Iran ze erhéijen, haten d’USA hir Militärpräsenz an der Regioun och däitlech ausgebaut an zwee Fligerdréier, souwéi Krichsschëffer an d’Regioun verluecht. D’USA an Israel haten den Iran scho d’lescht Joer ugegraff. D’USA haten am Juni dräi wichteg iranesche Atomanlagen bombardéiert. No 12 Deeg ass de Krich op en Enn gaangen.

De Lëtzebuerger Ausseministère réit staark dovunner of, fir am Moment an de Mëttleren Osten ze reesen. Heizou géifen och d’Golfstaate gehéieren. De Ministère wier dann och am stännege Kontakt mat sengen europäesche Partner. Lëtzebuerger Residenten am Ausland gëtt säitens dem Ausseministère geroden, sech un d’Instruktioune säitens de lokalen Autoritéiten ze halen a sech op der Internetsäit guichet.lu/lama anzeschreiwen.

Back to Top
CIM LOGO