VatikanDe Poopst refuséiert de Récktrëtt vum Kardinol Marx
De Kardinol Marx ass Äerzbëschof vu München a Freising. Hien hat säi Récktrëtt ugefrot, deen elo vum Chef vun der kathoulescher Kierch refuséiert gouf.
Verëffentlecht: 10.06.21 12:18, Update: 10.06.21 12:25
De Reinhard Marx wollt mat sengem Schratt eng "Matverantwortung" fir déi "Katastroph u sexuellem Mëssbrauch" duerch wichteg Leit an der kathoulescher Kierch iwwerhuelen.