Europaparlament D‘Enquête géint de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser wäert keng Suitten hunn

RTL Lëtzebuerg
Dobäi wier nämlech kee Verstouss géint de Code de conduite vun EU-Parlamentarier festgestallt ginn.
© Den EU-Deputéierte Fernand Kartheiser bei der éischter Konferenz vum "Patriots Network" den 2. Mee 2026 zu Paräis.
© JULIE SEBADELHA/AFP

Dat schreift op d‘mannst de Fernand Kartheiser selwer. Hien hätt en entspriechende Bréif kritt, an deem him awer un d‘Häerz geluecht gëtt, an Zukunft méi kloer ze maachen, datt hien net am Numm vum Europaparlament ënnerwee ass, wann hien a Russland reest.

D‘Enquête war vun der Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola lancéiert ginn, nodeems de Fernand Karheiser bei engem Wirtschaftsforum a Russland war an do eng Deklaratioun publizéiert hat, déi vun europäeschen a russeschen Deputéierten ugeholl gi wier.

Back to Top
CIM LOGO