E Mëttwoch den OwendDronen-Alarm um Berliner Fluchhafen: Loftraum gespaart, Flich ëmgeleet, elo nees op

RTL Lëtzebuerg
Um Berliner Fluchhafen ass et e Mëttwoch den Owend zu engem Dronen-Alarm komm. Géint 20 Auer gouf eng Dron iwwer der Nordpist gesinn.
© RTL

Kuerz drop, um 20.20 Auer, gouf de Loftraum iwwer dem Fluchhafe gespaart. Fir op d'mannst 45 Minutte konnten dofir keng Fligere starte oder landen.

Verschidde Flich goufen op Dresden a Leipzig ëmgeleet.

Géint 21.05 Auer gouf de Loftraum nees fräiginn.

D'Fluchoperatioune goufen awer nach mat Verspéidunge weidergefouert.

Op kengem däitsche Fluchhafe goufen an der éischter Hallschent vun dësem Joer esou vill Dronen entdeckt wéi um Berliner Fluchhafen BER.

An den éischte sechs Méint goufen um Tower zu Schönefeld 28 Drone registréiert. Dat ass eng méi wéi um gréissten däitsche Fluchhafen zu Frankfurt. A siwe Fäll huet de Fluchverkéier dowéinst temporär misse gestoppt ginn.

Besonnesch opfälleg ass d'Entwécklung am Verglach mam Joer virdrun: Fir dat ganzt Joer 2025 goufen um BER an an der Ëmgéigend just aacht Dronen registréiert.

Back to Top
CIM LOGO