Corona-OffallËmweltschützer warne viru Masken an Händschen an eise Mierer

RTL Lëtzebuerg
Si sinn do fir eis ze schützen, d'Otemmaske sinn zanter iwwert engem Joer eise Begleeder am Alldag.
Pollutioun duerch Masken an Händschen
Ëmmer méi Masken oder Händche ginn an eise Mierer fonnt. Ëmweltschützer schloen Alarm.

Der Ëmwelt schuede si awer, ëmmer méi Masken oder Händche ginn an eise Mierer fonnt. De Wand bréngt si aus der Natur oder vun Drécksdeponië virun an d’Mier. Den Ament ginn 130 Milliarden Eewee-Masken de Mount op der ganzer Welt benotzt. Ob einfach an der Natur entsuergt oder net gewollt aus der Täsch gefall, um Enn lande si dacks am Mier. An hei verursaache si vill Schued. Déiere verfänken sech dran, iessen se mat a kënne dru stierwen.

Mat der Internetsäit covidlitter.com wëllen hollännesch Wëssenschaftler op de Probleem opmierksam maachen. Do poste si reegelméisseg Fotoe vun Otemmasken an anerem Dreck an der Natur. Der griichescher Ëmweltorganisatioun Aegean Rebreath no sinn 2 Milliarde Masken eleng d’lescht Joer am Mier gelant. An all Dag kommen der derbäi.

Wann dat esou virugeet, kéinten eng Kéier méi Maske wéi Jelliskäpp am Mëttelmier sinn, sou de George Sarelakos vun Aegean Rebreath.

D’Ëmweltschützer plädéieren dofir, fir Masken ze huelen, déi ee méi wéi eng Kéier kann undoen. Mee déi sinn och vill manner effikass am Schutz géint de Coronavirus. D’Maske wäerte wuel enges Dags aus eisem Alldag verschwannen, d’Spuere vun der Pandemie bleiwen nach laang.

Back to Top
CIM LOGO