
An de stäerkste betraffene Gebidder vun der Provënz Ituri géing d'Zuel vun den Infektiounen zréckgoen, an der Nopeschprovënz Süd-Kivu wier zanter Mee keen neien Ebola-Fall méi registréiert ginn.
De WHO-Chef huet op Fortschrëtter bei Tester fir d'Behandlunge an d'Preventioun vun Ebola-Infektioune verwisen. Ausserdeem géinge viraussiichtlech "an den nächste Woche" medezinesch Tester fir d'Wierksamkeet vun den Impfunge starten.
D'Ausbreedung géing allerdéngs nach net an deem Mooss zréckgoen, wéi se "misst", warnt den Tedros. D'Andämmungsmesuren an der Demokratescher Republik Kongo missten dowéinst nach "e puer Méint laang bäibehalen a verstäerkt ginn". Dat géing sech awer "schwiereg" gestalten.
Een Dag virdrun hat de WHO-Chefepidemiolog Olivier le Polain gewarnt, datt d'Zuel u Fäll landeswäit zwar erofgoe géing, an der Provënz Nord-Kivu wier awer eng "exponentiell" Ausbreedung vun den Ebola-Fäll festzestellen. Do hätt sech d'Zuel vun den Doudesaffer duerch Ebola an de leschten zwou Woche vu ronn honnert op méi wéi 200 bal verduebelt. Aus Nord-Kivu koumen d'lescht Woch deemno 45 Prozent vun de gemellte Fäll.