
Bei der aktueller Ebola-Epidemie an der Demokratescher Republik Kongo sinn der UNO no schonn iwwer 2.500 Leit ëm d'Liewe komm. D'Hallschent vun den Doudesfäll wier an de leschten 20 Deeg registréiert ginn, esou den Ebola-Coordinateur vun der UNO, de Julien Harneis, bei enger Pressekonferenz e Freideg. D'Zuel vun der Doudesaffer "klëmmt all Dag" an d'Zuel vun den Neiinfektiounen "hëlt exponentiell zou", sou den Harneis weider.
D'Epidemie breet sech der UNO no "groussflächeg" aus. "Si erfaasst antëscht e Gebitt, dass méi grouss ass wéi Frankräich", sou e Vertrieder vun der UN aus der Stad Bunia, dem Epizentrum vum Ausbroch. D'Krankheet géif sech méi séier a méi wäit ausbreeden, wéi d'Ebola-Hëllef "hannendru kënnt".
D'Uno rifft dohier dozou op, d'Géigemesuren ze verstäerken. "Wa mer méi Personal asetzen, wa mer méi Ressourcen a Géigenden am Oste vum Land bréngen, kënne mer bannent e puer Méint d'Iwwerdroung erofzeschrauwen an drop hischaffen, d'Epidemie ze stoppen". Géif dëst net passéieren, géif d'Epidemie sech weider ausbreeden, dat och op Nopeschlänner.
Den Ebola-Ausbroch am Kongo war de 15. Mee offiziell festgestallt ginn, warscheinlech hat sech de Virus deemools awer scho wochelaang verbreet. D'Epidemie betrëfft e puer Provënzen am Norden an am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo, wou déi medezinesch Versuergung no jorelaangen arméierte Konflikter staark ageschränkt ass. Mat iwwer 5.000 confirméierten Infektiounen ass et de schlëmmsten Ebola-Ausbroch an der Geschicht vum Land.
Ebola gëtt duerch den direkte Kontakt vu Kierperflëssegkeeten vun Infizéierten iwwerdroen. D'Infektioun ka Féiwer, Péng an de Muskelen, Duerchfall bis hin zu bannenzege Bluddungen an Organ-Versoe verursaachen. An de leschte 50 Joer sinn an Afrika iwwer 15.000 Leit un der Krankheet gestuerwen.