Affär ëm Impfstoff-KorruptiounErmëttlunge géint brasilianesche President Bolsonaro

RTL Lëtzebuerg
De brasilianesche Parquet huet Virermëttlungen zur Roll vum President Jair Bolsonaro an engem presuméierte Korruptiounsfall lancéiert.

Mat dëser Enquête soll festgestallt ginn, ob d’Viraussetzunge fir eng Uklo vum rietsextreme Staatschef virleien, dat huet de brasilianesche Parquet matgedeelt.

E Méindeg haten dräi Deputéiert eng Klo géint de President virum ieweschte Geriicht agereecht. De President hätt den Deputéierten no trotz dem Wëssen iwwer eent “gigantescht Korruptiounsschema” näischt ënnerholl. Deemno soll de Staatschef vu Korruptioun am Zesummenhang mat engem Kontrakt iwwer deen an Indien produzéierten Impfstoff Covaxin am Wäert vun 300 Milliounen Dollar gewosst an net intervenéiert hunn. Wéi weider Onreegelméissegkeeten am Zesummenhang mam Covaxin-Deal bekannt goufen, huet sech d’Regierung gezwonge gesinn, fir de Kontrakt ze kënnegen.

Back to Top
CIM LOGO