7.600 Drogendoudeger an EuropaEU-Drogenagence warnt virun neie Gesondheetsrisiken duerch grouss Droge-Villfalt

Claudia Kollwelter
Eleng am Joer 2025 goufen eng 50 nei Substanze gemellt.
© AFP (Archiv)

7.600 Persoune sinn an engem Joer un enger Iwwerdosis an Europa gestuerwen. Dee Chiffer gouf en Dënschdeg de Moien bei der Presentatioun vum europäeschen Drogerapport 2026 genannt. Aus dem Rapport vun der EU-Drogenagence EUDA geet ënnert anerem ervir, datt den Drogemaart an Europa ëmmer méi komplex gëtt a sech séier verännert, erkläert d'Lorraine Nolan vun der EU-Drogenagence.

Extrait Lorraine Nolan (1)

"Europa steet virun enger méi komplexer an schwiereger Drogesituatioun, déi nei an aner Gesondheetsrisike matsechbréngt. Nei an héich doséiert Cannabisproduiten tauchen op, wärend d'Villfalt un Opioiden, déi verkaf ginn, klammen. Et ginn och ëmmer méi Leit, déi verschidden Droge matenee kombinéieren, wouduerch d'Gesondheetsrisiken nach weider klammen."

Grouss Suergen maachen der Drogenagence engersäits déi ëmmer méi héich Unzuel u syntheeteschen Drogen, mat zejoert ëmmerhin 50 neie Substanzen, déi an der EU gemellt goufen. De Rapport weist awer och, datt Kokain méi disponibel ass wéi jee virdrun an et schätzt een, datt zejoert 2,5 Millioune jonk Erwuessener d'Drog konsuméiert hunn. Mä och de Mëssbrauch vu Ketamin huet zougeholl.

Extrait Lorraine Nolan (2)

"Eise Rapport weist, datt d'Gesondheetsrisiken, déi op Ketamin zréckzeféiere sinn, ëmmer méi klammen. Och wann d'Unzuel u Leit, déi sech behandele loossen, nach niddreg ass, huet se sech an de leschte Jore vervéierfacht! Mä d'Bewosstsinn vun de Risiken ass weider niddreg."

Nieft de Gesondheetsrisike weist de Rapport och op d'Roll vum Drogenhandel bei Kriminalitéit a Gewalt hin. Kriminell Gruppe géifen ëmmer méi Jonker fir den Handel mat Droge rekrutéieren, se géifen ëmmer méi aktiv, innovativ an aggressiv ginn. Fir op all dat ze reagéieren, bräicht ee besser Monitoring-Systemer, et misst méi an Traitementer investéiert ginn an och d'mental Gesondheet an déi vulnerabel Communautéite misste méi seriö geholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO