No Virfall bei OpenAIAnthropic mellt "onerlabten Zougrëff" vu KI-Modeller op dräi Organisatiounen

AFP, iwwersat vun RTL
D'KI-Modeller vun Anthropic hu sech der US-Firma no "onerlaabten Zougrëff" op d'Systemer vun dräi Organisatioune verschaaft.
KI-Modelle von Anthropic haben sich nach Angaben des US-Technologiekonzerns "unbefugten Zugriff" auf die Systeme von drei Organisationen verschafft. Der Zugriff sei während eines Tests erfolgt, teilte das Unternehmen mit.
Anthropic ass fir säin Chatbot Claude bekannt. Mythos ass dobäi dee fortschrëttlechste Modell.
© AFP

Den Zougrëff wier wärend engem Test geschitt, huet de Betrib en Donneschdeg matgedeelt. Ëm wéi eng Organisatiounen et geet, gouf an engem éischte Moment net matgedeelt.

Anthropic huet eegenen Aussoen no iwwer 141.000 "Evaluéierungsleef" ausgewäert. Dobäi gouf festgestallt, datt dräi verschidde Versioune vum KI-Modell Claude ouni Erlabnis op d'Systemer vun dräi Organisatiounen zougegraff haten. D'KI-Modeller sollten deemno u sech vu Systemer an der "richteger Welt" fortbleiwen. Anthropic ass fir säin Chatbot Claude bekannt. Mythos ass dobäi dee fortschrëttlechste Modell.

Viru gutt enger Woch hat d'Firma Open AI matgedeelt, datt sech KI-Modeller wärend engem Sécherheetstest selbststänneg gemaach an een Hackerugrëff op eng beléifte Programméierplattform lancéiert haten. En Dënschdeg huet OpenAI du confirméiert, datt seng Modeller an d'Systemer vun enger Rei Betriber agedronge sinn.

Am Géigesaz vum Virfall bei OpenAI haten d'Modeller vun Anthropic "wéinst engem Mëssverständnis tëscht eis an eisem Evaluséierngspartner" mam Numm "Irregular" Zougang zum Internet gehat, huet Anthropic erkläert. Trotzdeem huet Claude "einfach Technike wéi d'Ausnotze vu schwaache Passwierder an net authentifizéierten Endpunkter" genotzt.

Zu de betraffene Modeller gehéiert deemno och eent vun deene Leeschtungsstäerksten, bekannt als Mythos 5, dat bis ewell awer just enger begrenzter Unzuel vu Leit zur Verfügung gestallt gouf. Anthropic géif zesumme mat Irregular doru schaffen, d'Situatioun ze bewäerten, heescht et weider. De Betrib hätt allen dräi betraffen Organisatioune kontaktéiert oder probéiert, Kontakt zu hinnen opzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO